Nieft der Formel 1 steet dëse Weekend och déi éischt Manche vum Porsche Supercup zu Monaco um Programm. Mat dobäi ass och, wéi och schonn d’läscht Joer, den Dylan Pereira. E Freideg ass et an der Qualifikatioun awer net gutt fir de Lëtzebuerger gelaf. No enger Sortie de route an den éischte Minutte geet hie vun der zweetleschter Plaz e Sonnden an d’Course. Bei senger Sortie de Route hat de Lëtzebuerger d’Leitplanken ze pake kritt huet. Dobäi ass de Kühler beschiedegt ginn an de Qualifying war gelaf.
Besonnesch reizen dierft den Dylan Pereira deen neie Porsche 911 GT3, dee vun dëser Saison un am Porsche Supercup an den Asaz kënnt. Dës Serie stoung awer net vun Ufank un an der Agenda vum Lëtzebuerger.
„Dat ass duerch Porsche komm. Si hu gefrot, ob ech net nach eng Saison wéilt drunhänken, fir ze kucken, wéi ech mam néien Auto eens ginn. Dat ass dat wat Porsche wëll erausfannen an dowéinst hunn ech ënnerschriwwen.“
Fir ze preziséieren, ënnerschriwwe bei Lechner Racing. Mat där Ekipp gouf den Dylan Pereria d’läscht Saison Vizemeeschter am Porsche Supercup, mee och dëst Joer huet hie mam Ayanchan Güven e staarke Coequipier u senger Säit.
„D’läscht Joer hunn ech géint hie gewonnen, dëst Joer kann dat awer anescht sinn. Et ass och gutt, dass hien an eiser Ekipp ass, zemools well en néien Auto erauskomm ass, dat heescht, ech kann eppes ausprobéieren an hien och fir eis esou erop ze schaffen.“
De Porsche Supercup ass awer net déi eenzeg Serie, wou den Dylan Pereira am Asaz ass. Nieft dëser Course, déi am Kader vun engem Formel-1-Weekend gefuer ginn, geet hien och bei den GT Masters an der Laangstreckeweltmeschterschaft un den Depart.
„Bal all Weekend hunn ech eppes vir. Ech hu vläicht am Summer 2-3 Weekender wou ech fräi hunn, soss sinn ech ëmmer permanent ënnerwee an tëschent de Weekender hu mir nach Testdeeg, wou mir trainéieren, fir op de Courssen dat bescht eraus ze huelen.”
Gewonne gouf de Qualifying iwwregens vum Titelverdeedeger Larry Ten Voorde, virum Jaxon Evans an dem Dorian Boccolacci.
RTL ZWEE, RTL.lu an RTL Play iwwerdroen d’Course e Sonndeg de Moien um 10.15 Auer LIVE, dat mat Commentaire vum Serge Pauly an Andrea Galleti.