De Weekend gëtt am Kader vum Grousse Präis vu Monaco an der Formel 1 déi 2. Course vun der Saison am Porsche Supercup gefuer. E Freideg war schonn de Qualifying an hei ass et fir den Dylan Pereira net esou gutt gelaf wéi beim Optakt an d’Saison. Konnt sech de Lëtzebuerger zu Imola nach d’Pole Position sécheren, huet hie sech zu Monaco misse mat der 5. Plaz zefridde ginn. E Sonndeg geet de Lëtzebuerger awer als 4. an d’Course, datt well den Harry King, deen am Qualifying déi zweetséierst Zäit gefuer war, eng Strof krut an 3 Plazen an der Startopstellung zeréckversat gouf.
Am Qualifying, deen e puer Mol hat misse wéinst Accidenter ënnerbrach ginn, ass de Larry Ten Voorde déi séiersten Zäit gefuer. Nieft him steet elo e Sonndeg den Dorian Boccolacci. De Laurin Heinrich fiert als Drëtte fort an nieft him steet an der zweeter Rei elo den Dylan Pereira.
Fir de Pereira wäert et net einfach ginn, fir sech no vir ze schaffen. Um enke Circuit zu Monaco ass d’Iwwerhuelen nämlech alles anescht wéi einfach.
