Porsche SupercupDylan Pereira start e Sonndeg vun der Pole Position

RTL Lëtzebuerg
Am Qualifying um Hungaroring war den Dylan Pereira de Séiersten.

No der Victoire um leschte Weekend zu Spielberg huet sech den Dylan Pereira e Samschdegmëtteg weiderhin an enger gudder Form gewisen.
Um Hungaroring konnt hie sech virum Ayhancan Güven an dem Marvin Klein duerchsetzen a start domat e Sonndeg déi éischte kéier an der Saison vun der Pole Position.

D’Course geet e Sonndeg um 12:25 Auer un den Depart.

Back to Top
CIM LOGO