VIDEO: Porsche Cup Middle East - GT3 Cup ChallengeDylan Pereira verléiert wéinst 5-Sekonne-Strof seng 1. Plaz

RTL Lëtzebuerg
Een Dag no senger Victoire am Porsche GT3 Cup Challenge um Circuit vun Yas Marina war den Dylan Pereira nees dee Séiersten.
© ATP

Den Dylan Pereira um Mikro vum Franky Hippert

Hien huet sech an der 2. Manche virum Al Faisal Al Zubair an dem Berkay Besler behaapt. No enger nodréiglecher 5 Sekonnen-Penalitéit gouf den Dylan Pereira an der 2. Course awer vun der 1. op déi 3. Plaz zeréckversat.

Den 21 Joer ale Lëtzebuerger Automobilsportler ass jo och dës Saison nees am Porsche Super Cup ënnerwee, déi Kompetitioun, déi ëmmer virun de Formel-1-Coursen um nämmlechte Circuit gefuer gëtt.

E Freideg schonn hat de Lëtzebuerger Dylan Pereira sech d’Victoire beim Porsche Cup Middle East - GT3 Cup Challenge geséchert.

VIDEO: Dylan Pereira wënnt zu Abu Dhabi
Präisiwwereechung vum Porsche Cup Middle East - GT3 Cup Challenge

Fir de Lëtzebuerger sinn dës Courssen eng Preparatioun op de Porsche Supercup.

© Screenshot

PDF: Pressecommuniqué

Back to Top
CIM LOGO