
An der zweetleschter Course vun der Saison am Porsche Carrera Cup Däitschland 2022 setzt sech de Larry ten Voorde mat enger klorer Avance virum Bastian Buus an dem Laurin Heinrich duerch. Den Dylan Pereira verpasst um Hockenheimring an Däitschland de Podium ëm e puer Zéngtelsekonnen. Den zweete Lëtzebuerger am Feld, de Carlos Rivas, koum als 21. iwwer d’Ligne d’Arrivée.
Den Hollänner ten Voorde war als Éischten an d’Course gaangen a konnt seng Positioun bis zum Schluss virum Bastian Buus behaapten. De Pereira war vu Positioun Véier gestart a louch no engem Verbremser vum Loek Hartog tëschenzäitlech op der drëtter Plaz, gouf awer nach vum Laurin Heinrich iwwerholl.
Am Championnat huet den Dylan Pereira just nach rechneresch Chancen op déi zweet Plaz. De Laurin Heinrich hat sech den Titel am Generalklassement scho bei der leschter Course um Sachsenring geséchert.
Den zweete Lëtzebuerger an der Course, de Carlos Rivas, koum als 21. iwwer d’Ligne d’Arrivée. An der Amateur-Klass Pro-M läit de Rivas op der zweeter Plaz mat 6 Punkte Retard op de Leader Jan-Erik Slooten, dee just 28. gouf.
Déi lescht Course vun der Saison gëtt e Sonndeg nees um Hockenheimring gefuer.