Porsche SupercupDylan Pereira: Vun der Pole Position op déi éischte Plaz

RTL Lëtzebuerg
E gudde Weekend huet de Lëtzebuerger Porsche-Pilot erwëscht an huet dëse mat enger Start-Zil-Victoire gekréint.
© CMP

Et war déi éischte Pole fir den Dylan Pereira dës Saison an déi konnt hien direkt ideal ausnotzen. De Lëtzebuerger konnt sech déi maximal Punkten um Hungaroring sécheren an esou och seng Avance am Generalklassement ausbauen.

Hien huet mat senger Victoire den Ayhancan Güven op d’Plaz 2 an den Larry ten Voorde op d’Plaz 3 verdrängt. Säin Teamkolleeg Jaxon Evans, bis virun der Course Zweeten am Generalklassement, krut eng Strof no enger Kollisioun mat engem anere Pilot an huet domadder vill Sekonne, Plazen a Punkte missten abéissen a gouf zum Schluss als “Not classified” gerechent.

De Lëtzebuerger konnt beim Start seng éischt Plaz behalen a war och dono, op enger vun de schwéierste Strecken, dee schnellsten op der Streck an huet ëmmer nees déi schnellste Ronnen realiséiert.

De Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer huet d’Manchen zu Spielberg an Éisträich an zu Budapest an Ungarn gewonnen, an gouf zu Spielberg och eng Kéier Zweeten.

“Jo lo hu mer ee Weekend Paus, ronn 10 Deeg Paus, an dann geet et schonn op Silverstone. Do dertëscht gëtt sech ausgerout, Energie gesammelt fir déi nächst Courssen, well duerno geet et nees ee Mount fort. An dann Enn der Woch ginn déi nächst Courssen awer schonn nees virbereet, an dann hoffen ech, datt et esou viru geet, wei d’Saison elo gestart ass.”, sou de Pilot.

An den 3 éischte Coursen vun dësem Joer huet den Dylan Pereira scho bal esou vill Punkte gesammelt wéi d’lescht ganz Saison zesummen. Lo sinn et der jo 70, zejoert waren et der an 10 Coursen 73. De Porsche Super Cup an d’Formel 1 hunn hire nächste Rendez-vous um éischte Weekend am August dann um Circuit vun Silverstone an England.

E gudde Weekend huet de Lëtzebuerger Porsche-Pilot erwëscht an huet dëse mat enger Start-Zil-Victoire gekréint.

Schreiwes vum ACL Sport

Cher Dylan, Quelle victoire!! 1ier du départ jusqu’au drapeau à damiers. Une victoire qui te permet d‘agrandir ton avance au championnat du Porsche Supercup.

Malheureusement nous n‘entendons pas assez souvent notre hymne national dans notre sport, mais en ces moments de joie la chaire de poule n‘y manque pas.

Félicitations à toi, ta famille et ton écurie, et que la saison continue ainsi.

Le Directoire de l‘ACL Sport

s. Marc Joseph

Président

Back to Top
CIM LOGO