
Den Dylan Pereira war dëse Weekend beim Porsche Carrera Cup Asia um Depart. Domat war sécher, dass de fréiere Supercup-Champion seng fënnefte Course als Gaascht-Starter géif fueren.
Nodeems de Pereira d’lescht Joer op der selwechter Pist als aktive Pilot vum Porsche Carrera Cup Asia dräi Coursen hannertenee gewonnen hat an um Enn och de Championstitel mam Team Shanghai Yongda BWT gefeiert hat, ass dës Kéier eng Victoire dobäikomm. Donieft ass nach eng véiert an eng fënneft Plaz erausgesprongen.
Zu Sepang ginn am Kader vum Carrera Cup Asia nämlech direkt dräi Coursen op engem Weekend gefuer.