
D’lescht Woch stoung de Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer an Éisträich ganz uewen um Podium. E Freideg war den fräien Training um Hungaroring, bei deem et mat enger 10. Plaz nach net ganz ronn gedréit huet, a wou e Sonndeg och de Formel 1 Grand Prix ass.
Bei den zwou éischte Courssen ass et fir den 23 Joer ale Lëtzebuerger richteg gutt gaangen, mat enger éischter an enger zweeter Plaz, an der Leaderpositioun am Generalklassement. Och wann d’Saison e bësse méi spéit ugefaangen huet, wéi geplangt, schéngt de Confinement dem Dylan Pereira zegutt komm ze sinn:
Wat mir gemaach hunn, ass eis virtuell fit gehalen. Am Supercup sinn ech jo 3. ginn. Ech hunn dat och geholl, fir ze kucken, wou ech Feeler maachen, an ech hu mech och physesch fit gehalen.
Mat 8 Punkten Avance am Generalklassement op säi Co-Equipier beim Lechner-Racing Team Jaxon Evans aus Neiséiland, geet de Lëtzebuerger Sportzaldot natierlech mat de néidegen Ambitiounen an déi drëtt Course vun der Saison:
Mir waren elo nom Lockdown schonn 3 Mol drop trainéieren. Also mir si scho gutt virbereet. Mir wäerte schonn net schlecht sinn, fir vir matzefueren, an Zil ass, fir dann och nees ganz uewen ze stoen.
De Qualifying ass e Samschdeg de Mëtteg 13.45 Auer, an d’Course ass dann e Sonndeg de Mëtteg um 12.25 Auer, deemno ronn zwou an eng hallef Stonn virum Grousse Präis vun Ungarn an der Formel 1, deen dann um nämmlechte Circuit gefuer gëtt.