Am Bronze CupDylan Pereira wënnt 24 Stonne vu Spa

RTL Lëtzebuerg
Bei schwéiere Wiederkonditiounen huet sech de Lëtzebuerger Pilot zesumme mat sengen dräi Teamkolleegen déi éischt Plaz am Bronze Cup geséchert.
© Porsche Carrera Cup France

De Weekend stoung an de belschen Ardennen den 100. Jubiläum vun der 24-Stonne-Course zu Spa um Programm. Am Audi R8 LMS GT3 EVO II konnt sech den Dylan Pereira mam Andrey Mukovoz, Max Hofer an dem Aleksei Nesov d’Victoire an der Bronze-Cup-Wäertung sécheren. Am General gouf et um Enn déi 10. Plaz.

D’Course war dobäi alles anescht wéi roueg verlaf. Géint 23 Auer e Samschdeg den Owend hat et immens staark ugefaange mat reenen, sou datt ee groussen Deel an der Nuecht hannert dem Safety-Car huet misse gefuer ginn. Den Dylan Pereira huet seng Qualitéiten hannert dem Steierrad awer eng weider Kéier ënner Beweis gestallt a konnt am Reen tëschenzäitlech d’Beschtzäite vum Circuit fueren.

Fir de Lëtzebuerger Pilot geet et schonn e Méindeg weider a Richtung Thailand, wou den nächste Weekend zu Bangsaen déi nächst zwou Coursse vum Porsche Carrera Cup Asien um Programm stinn.

Back to Top
CIM LOGO