Porsche SupercupDylan Pereira wënnt Course zu Spa viru Güven an Evans

RTL Lëtzebuerg
Beim 7. Laf vum Porsche Mobil1 Supercup konnt den Dylan Pereira seng Pole Position notzen, fir d'Course um Sonndeg ze gewannen.
© Jeannot Boesen / RTL.lu

De Lëtzebuerger konnt seng 1. Positioun beim Start verdeedegen a sech esouguer direkt e bëssen ofsetzen. Hannendru gouf haart ëm d’Positioune gekämpft.

© Jeannot Boesen / RTL.lu

De Leader am Championnat Julien Andlauer (F) loung no 2 Ronnen nëmmen op Plaz 9, eng Plaz hannert dem Michael Ammermüller (D).

Den Dylan Pereira hat no 4 vun 11 Ronnen 0,720 Sekonne Virsprong op den Ayhancan Güven, an 1,284 Sekonnen op den Jaxon Evans.

An der 8. Ronn huet de Güven ugefaangen den Drock ze erhéijen. E war just nach 0,3 Sekonnen hannert dem Lëtzebuerger.

© Jeannot Boesen / RTL.lu

De Lëtzebuerger Sportzaldot huet sech dovun awer net aus dem Konzept brénge gelooss. An der leschter Ronn gouf et nachemol ganz spannend. De Güven huet sech nieft de Pereira gebremst an hie souguer nach beréiert. De Pereira konnt den Auto awer ënner Kontroll behalen.

Nodeems hien um Hockenheimring d’Course nodréiglech als Gewënner an de Palmarès schreiwe konnt, sou konnt hien an der Belsch um Traditiounscircuit vu Francorchamps seng éischt richteg Victoire am Porsche Mobil1 Supercup feieren.

Den Dylan Pereira am RTL-Interview no senger Victoire

Aus Respekt virum verstuerwene Formel2-Pilot Anthoine Hubert, gouf bei der Präisverdeelung net gefeiert.
Aus Respekt virum verstuerwene Formel2-Pilot Anthoine Hubert, gouf bei der Präisverdeelung net gefeiert.
© Jeannot Boesen / RTL.lu

Hie gewënnt ganz knapps virum Rookie Ayhancan Güven an dem Jaxon Evans op Plaz 3. Hannendru kommen Ten Voorde, Latorre, Ellinas a Van Lagen. De Michael Ammermüller kënnt op Plaz 8, virum Julien Andlauer op der 9.

Weider geet et schonn den nächste Weekend zu Monza, éier Enn Oktober d’Finall a Mexiko gefuer gëtt.

Den Dylan Pereira klëmmt elo am Porsche Mobil1 Supercup op Plaz 10 am General, dëst mat 50 Punkten.
Leader ass weiderhin de Julien Andlauer, punktgläich mam Michael Ammermüller (allebéid 92 Punkten). Drëtten ass den Ayhancan Güven mat 76 Punkten.

Back to Top
CIM LOGO