WEC 6h Bahrain 2021Dylan Pereira wënnt mat senge Coequipieren d'GTE-Am-Wäertung

Andy Brücker
Duerch déi Victoire an der GTE-Am-Kategorie, hunn den Dylan Pereira, Felipe Fraga a Ben Keating nees eng reell Chance op d'Gesamtvictoire am Championnat.
© Arthur Thill / ATP

Dëse Samschdeg gouf am Kader vum FIA World Endurance Championship am Bahrain gefuer, an do gëtt et no 6 Stonnen Grond zur Freed beim Dylan Pereira. De Lëtzebuerger war mat sengen Teamkolleege Ben Keating a Felipe Fraga um Aston Martin Vantage AMR vun TF Sport am Asaz. Um Ufank war et an der GTE-Am-Kategorie en Duell tëscht 2 Ferrarien, dee sech ëm d’Victoire ugedeit hat. No den éischte Boxestopps war et dun awer den Aston Martin mat der Startnummer 98, (Dalla Lana/Farfus/Gomes), dee sech un d’Spëtzt setze konnt. Ma nach an der 1. Hallschent vun der Course huet dunn den Auto mat der Nummer 33 sech d’Féierung geséchert, an huet dës bis zum Schluss net méi ofginn. Am Generalklassement vun der Course war et déi 17. Positioun.

Duerch dës Victoire, hunn den Dylan Pereira, de Ben Keating an de Felipe Fraga elo dach nach d’Chance, sech de Meeschtertitel ze sécheren. Si hunn 21,5 Punkte Réckstand op Plaz 1, dëst bei 38 Punkten, déi ee fir eng Victoire bei der leschter Course kritt.

Schonn nächste Weekend gëtt déi nächst a lescht Course vun der WEC gefuer, dëst nees am Bahrain, deen Ament awer eng 8-Stonnen-Course.

Toyota huet sech iwwerdeem den Constructeurstitel geséchert, dat mat de Plazen 1 an 2 am Generalklassement. Gewonnen huet d’Course den Trio Conway/Kobayashi/Lopez, däitlech virum Schwësterauto mat Buemi/Nakajima/Hartley.

Dat komplett Resultat vun der Course fannt Dir op www.fiawec.com

PDF: Schreiwes Dylan Pereira

Back to Top
CIM LOGO