Porsche Carrera Cup DäitschlandDylan Pereira wënnt um Lausitzring

RTL Lëtzebuerg
De Weekend gëtt um Lausitzring an Däitschland déi 6. Manche vum Porsche Carrera Cup Däitschland gefuer.

Am Porsche Carrera Cup Däitschland huet sech den Dylan Pereira e Samschdeg um Lausitzring no enger spektakulärer Course d’Victoire geséchert. Bei Reen a vill Waasser um Circuit huet sech de Lëtzebuerger virun den Hollänner Larry ten Voorde a Rudy van Buren duerchgesat.

Bei deem Resultat sollt et um Enn awer net bleiwen. Den ten Voorde krut nodréiglech eng Strof. An der Schlussphas vun der Course war et nämlech am Dräikampf ëm d’Victoire tëscht dem Laurin Heinrich, dem Pereira an dem ten Voorde zu enger Beréierung komm. Den Hollänner huet de Leader Heinrich touchéiert, esou datt dëse wäit zeréckgefall ass an de Pereira sech un d’Spëtzt gesat huet. Wéinst dësem Virfall krut den ten Voorde eng Zäitstrof. Doduerch gëtt de van Buren 2. an de Loek Hartog réckelt no vir op déi 3. Plaz.

Wärend der Course gouf et e ganz Partie Ënnerbriechunge wéinst Kollisiounen. Betraff war dovunner och de Carlos Rivas. De Lëtzebuerger ass deemno net iwwert déi 24. Plaz an der Course an déi 7. Plaz an der Pro-AM-Wäertung erauskomm.

E Sonndeg um 14.40 Auer gëtt déi zweet Course vum Weekend gefuer. Hei start den Dylan Pereira vun der Pole.

Back to Top
CIM LOGO