GT World Challenge Europe (Sprint)Sensationell Gesamtvictoire fir Dylan Pereira an Alex Aka am Reen zu Barcelona

Andy Brücker
Vu Plaz 14 gestart hu sech déi zwee Piloten um Audi R8 LMS GT3 EVO II bis op Plaz 1 no vir gekämpft.
Victoire am Gold-Cup an als Kiischt um Kuch och nach d'Gesamtvictoire an der 1. Course zu Barcelona.
Victoire am Gold-Cup an als Kiischt um Kuch och nach d'Gesamtvictoire an der 1. Course zu Barcelona.
© SRO / JEP

Nodeems den Dylan Pereira sech op Plaz 14 qualifizéiert hat fir d'Samschdeg-Course an der GTWC zu Barcelona, war et och hien, deen de Start gefuer ass um 14 Auer. Et war d'Beschtzäit am Gold-Cup, woumat scho mol dat éischt Zil vum Weekend erreecht war.

D'Konditioune beim Start waren alles anescht wéi einfach, well et hat virdrun ugefaange mat reenen an d'Streck war plätschnaass. Et gouf dann och eng zweet Formatiounsronn hannert dem Safetycar gefuer, iwwerdeem d'Zäit vun der 1-Stonne-Course scho gelaf ass.

Den Dylan Pereira konnt sech beim Start aus méigleche Kollisiounen eraushalen an huet dunn ugefaange sech lues awer sécher no vir ze schaffen. En ass bis op Plaz 6 no vir gefuer, deemno hat en 8 Plaze gutt gemaach, éier en no 27 Minutten an d'Box gefuer ass, fir den Auto un den Teamkolleeg Alex Aka z'iwwerginn.

Wéi nach 28 Minutten ze fuere waren, gouf d'Course mat engem roude Fändel ënnerbrach an all d'Autoe goufen an d'Boxegaass geruff. Den Auto mat der Startnummer 55 stoung deen Ament am Kiesbett.

Et war dunn eng länger Paus, bis d'Course nees gestart gouf an et war dunn zimmlechen Duercherneen, well d'Ënnerbriechung grad an där Phas geschitt ass, wou d'Pilotewiessele konnte gemaach ginn, an net jiddereen hat de Wiessel scho gemaach an deels ass dat dunn an där Ënnerbriechung geschitt. Et war schwiereg den Iwwerbléck ze behalen, wou wien grad am Klassement erëmzefanne war.

Restart vu Plaz 7 - no vir gekämpft bis op Plaz 1

Den Alex Aka ass vu Plaz 7 beim Restart an d'Course gaangen um Audi R8 LMS GT3 EVO II an et waren nach 23 Minutten ze fueren, nodeems de Safety Car eragefuer ass. Et gouf nawell béis geraibert ma den Aka huet sech aus allem erausgehalen an hie konnt sech fréi bis op déi 3. Plaz no vir schaffen. Un der Spëtzt hunn Dressler (Ferrari) a Boccolacci (Porsche) sech ëm d'Féierung gestridden, iwwerdeem den Aka ëmmer méi no komm ass. Wéi nach 18 Minutten ze fuere waren ass den Alex Aka um Ferrari laanscht gezunn an huet sech Plaz 2 geséchert. Deen Ament war en 1,6 Sekonnen hannert dem Boccolacci um Porsche.

Wéi nach 10 Minutten ze fuere waren, gouf et e Full Course Yellow, well den Aston Martin mat der Startnummer 35 vun der Streck ofkomm ass an am Kiesbett hänke bliwwen ass. Deen Ament war de Boccolacci 6 Sekonne virum Aka.

Wéi nach 6min30 ze fuere bliwwe sinn, gouf de grénge Fändel nees gewisen an d'Course ass nach emol relancéiert ginn.

Wéi nach 3 Minutten ze fuere waren, ass de Boccolacci mam Porsche nach emol an d'Box gefuer, wéinst enger Stop-and-Go-Strof. Den Aka huet doduerch d'Féierung iwwerholl. De Boccolacci ass op Plaz 8 zeréck op d'Streck komm.

Domadder war et den Audi R8 LMS GT3 EVO II mat der Startnummer 99, dee mam Alex Aka um Steier d'Victoire ënnert schwierege Bedéngungen iwwert d'Arrivée bruecht huet. Et war also d'Gesamtvictoire fir den Dylan Pereira an den Alex Aka bei der virleschter Course vun der GT World Challence Europa (Sprint).

Et war dann och d'Victoire am Gold-Cup a wichteg Punkte fir dat Championnat. Si klammen domadder op Plaz 2 an där Wäertung, mat just 0,5 Punkte Virsprong op Plaz 3, bei nach enger Course, déi um Sonndeg ze fuere bleift.

Als zweet fiert de Ricardo Feller (Porsche 911 GT3 R EVO) iwwert d'Arrivée, virum Luca Engstler op Lamborghini Temerario GT3.

PDF: Resultat vun der Course um Samschdeg (GTWC - Sprint / Barcelona)

D'Freed bei Tresor Attempto Racing mam Dylan Pereira an Alex Aka war deementspriechend riseg. Vill Zäit ze feiere bleift awer net, well de Weekend ass nach net eriwwer.

E Sonndeg de Moie steet de Qualifying fir déi zweet Course zu Barcelona um Programm, éier mëttes dann d'Course gefuer gëtt, déi och den Ofschloss vun der GTWC-Sprint-Saison bedeit.

Back to Top
CIM LOGO