
Beim Start ass un der Spëtzt alles roueg iwwert d’Bün gaangen a jidderee konnt seng Positioun verdeedegen. Méi hannen am Feld hat et awer gerabbelt an de Safety Car huet mussen erauskommen.
De Restart ass gutt gelaf fir den Dylan Pereira an an der 4. Ronn konnt de Lëtzebuerger sech mat engem proppere Manöver laanscht de Max van Splunteren op Plaz 3 no vir kämpfen. E konnt duerno och eng kleng Avance erausfueren an huet op Güven an Ten Vorde opgeschloss.
Et sollt awer net duergoen, fir nach weider Positioune guttzemaachen. De Gewënner no 13 Ronnen heescht Ayhancan Güven, virum Larry ten Voorde an op Plaz 3 den Dylan Pereira.
Am Porsche Supercup bleift den Dylan Pereira un der Spëtzt, mat 4 Punkten Avance op de Larry ten Voorde. Et bleiwen nach 3 Courssen ze fueren.
1) Dylan Pereira - 97 Punkten
2) Larry ten Voorde - 93 Punkten
3) Ayhancan Güven - 80 Punkten