Dylan PereiraÉischt Victoire fir 2020

RTL Lëtzebuerg
Nëmmen zwou Stonnen virum Formel 1 Grand Prix war e Sonnden zu Spielberg déi lëtzebuergesch Nationalhymne ze héieren.
Éischt Victoire fir 2020
Nëmmen zwou Stonnen virum Formel 1 Grand Prix war e Sonnden zu Spielberg déi lëtzebuergesch Nationalhymne ze héieren.

Den Dylan Pereira hat no enger excellenter Leeschtung d’Course am Porsche Supercup gewonnen. De Lëtzebuerger Pilot vum Joer wëll no senger éischter Victoire dës Saison och déi nächste Wochen d’Leaderpositioun am General verdeedegen.

D’Saison hat de 5. Juli, mat enger zweeter Plaz an der éischter Course vum Porsche Supercup, gutt fir den Dylan Perreira ugefaangen. Den 23 Joer ale Sportzaldot hat op der Arrivée nëmmen säin Teamkolleg Jaxon Evans viru sech. E Sonnden war op dem selwechte Parcours zu Spielberg awer kee méi séier ewéi den Dylan Perreira.

Hie géing sech gutt fillen an et wiere definitiv top Resultater. Hie géing säi Bescht gi fir esou weider ze maachen, sou de Pilot.

No der 3. Plaz am Qualifying huet den Dylan Perreira direkt nom Start de Leon Köhler iwwerholl. Dono huet sech de Lëtzebuerger 2 Ronnen laang en Duell mam Ayhancan (Iamscham) Güven geliwwert. Impressionant war dann um Enn d’Manöver mat dem den Dylan Pereira laanscht komm ass. A mat esou Leeschtungen änneren dann och e bemol d’Ambitiounen.

Am Ufank wier d’Zil vum Pilot gewiescht op d’Mannst 3. ze ginn. Mee lo no den 2 éischte Course wier hien decidéiert, déi éischt Plaz unzeviséieren, sou den 23 Joer ale Pilot.

E Sonnden konnt keen dem Dylan Pereira d’Waasser reechen. De Lechner Racing Pilot gewënnt mat bal 4 Sekonnen Avance op den Türk Güven. Den Larry ten Voorde gëtt den 3.

No 2 vun 8 Coursen huet den Dylan Pereira am General als 1. 8 Punkten Avance op säin Teamkolleeg Jaxon Evans. Et gouf no der Course nëmmen e klengen B-Mol: Hie konnt dës Victoire net mat senge Frënn, Famill a Sponsoren zesumme feiere wéinst der Corona-Kris.

Déi 3.Course vum Porsche Supercup ass nächste Weekend um Hungaroring zu Budapest.

Back to Top
CIM LOGO