Am FP1 um Freideg ass de “Mister Konsistent”, wéi hien am Paddock genannt gëtt, wéi sou dacks dës Saison op déi 4. Plaz gefuer. Am FP2 huet d’Zündspull gestreikt an den Toyota Camry mat der Nummer 50 ass keng Ronn gefuer. D’Mecaniciene vum Hendriks Motorsport Team hunn haart geschafft, fir den Auto nees a Form ze kréien. Um Samschdeg am Qualifying, wéi kann et anescht sinn, ass eng 4. Plaz erauskomm.
An der éischter Course um Samschdeg ass de Lëtzebuerger gutt fortkomm an huet sech an der fënnefter Ronn déi drëtt Plaz erkämpft. Déi zwee Konkurrente virun him hu sech wéinst sëllegen Touchetten d’Liewen zimmlech schwéier gemaach an esou koum et, datt de Jouffreau (3) den Naska (54) vun der Streck geboxt huet. Domat as de Gil Linster op der zweeter Plaz iwwer d’Arrivée gefuer. Eng positiv Iwwerraschung gouf et eng hallef Stonn no der Course. D’Kommisairen hun de Jouffreau mat 30 Sekonne bestroft, soudatt de Lëtzebuerger op déi éischt Plaz no vir gerutscht ass. Domat steet an der éiweger Lëscht vun den Nascar-Gewënner och e Lëtzebuerger dran. Um Sonndeg bei der zweeter Course louch de Lëtzebuerger 5 Ronnen op der drëtter Positioun, vun där hien och gestart ass. An der 6. Ronn huet de Schober (27) de Fréisenger iwwerholl an d’Positioune sollten esou bleiwe bis dräi Ronne viru Schluss. An der 12. Ronn koum e kräftege Schluet Reen erof an d’Schlussklassement war just nach eng Lotterie. Um Enn spréngt eng 6. Plaz fir de Mann mat der Nummer 50 aus dem Hendriks Motorsport Team eraus.
Nodeems de Gil Linster déi ganz Saison iwwer ëfters mat enger 4. Plaz vill Punkte gesammelt huet, gouf hie mat 406 Punkten den 3. am Schlussklassement. Gewonne gouf d’Euro Nascar 2 vum Jouffreau (3) mat 428 Punkte virum Tziortzis (5) mat 422 Punkten.
Iwwer 100 Lëtzebuerger Supporter waren de Weekend zu Zolder an hunn de Gil Linster kräfteg ënnerstëtzt.