MotoGP an ÉisträichÉischt Victoire fir de Pedro Acosta an der MotoGP

Ben Schlammes
Beim KTM-Heemspill um Red Bull Ring gewënnt de Pedro Acosta fir déi éischte Kéier ee Grousse Präis an der MotoGP. Am Sprint um Samsdeg ass hien als Leader gefall.
Winner Red Bull KTM Factory Racing Team's Spanish driver Pedro Acosta celebrates on the podium after the MotoGP Grand Prix of Austria at the Red Bull Ring racetrack in Spielberg bei Knittelfeld, Austria, on September 20, 2026. (Photo by Joe Klamar / AFP)
De Pedro Acosta bejubelt eng emotional éischt Victoire an der MotoGP.
© AFP

De Pedro Acosta (KTM) feiert bei Grousse Präis vun Éisträich seng éischte Victoire an der MotoGP, dat virum Jorge Martin (Aprilia) an dem Marco Bezzecchi (Aprilia). Fir säi Konstrukteur KTM ass et ee groussen Erfolleg virum eegene Public, besonnesch nodeems den Acosta um Samsdeg am Sprint als Leader vun der Coursse gefall ass. Nodeems hien d'Féierung am néngten Tour iwwerholl huet, konnt hien se dës Kéier an d'Zil brengen.

Souverän setzt sech de Izan Guevara an der Moto2 duerch. Obwuel de Spuenier vun der fënnefter Startplaz an d'Coursse gaangen ass, konnt hie sech schonn am éischten Tour un d'Spëtzt vum Feld setzen. Um Wee bei seng zweete Victoire vun der Saison huet hien déi Plaz net méi hierginn. De Filip Salac an den David Alonso komplettéieren de Podium um Red Bull Ring.

An der Moto3 huet sech de Maximo Quiles virum Brian Uriarte an dem Alvaro Carpe duerchgesat. Dobäi huet hien dovu profitéiert, dass den David Almansa als Leader vun der Coursse am siwenten Tour gefall an doropshin ausgefall ass. Fir de Quiles ass et déi néngte Victoire dës Saison, wouduerch hie seng Féierung am WM-Klassement ausbaut a bei der nächster Coursse a Japan den Titel fréizäiteg gewanne kann.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.


D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1. P. Acosta 42:16.99
2. J. Martin +1.017
3. M. Bezzecchi +1.209
4. A. Ogura +2.139
5. M. Marquez +7.339
6. B. Binder +8.720
7. F. Bagnaia +9.686
8. F. Aldeguer +9.786
9. F. Di Giannantonio +15.290
10. J. Zarco +16.687

Moto2

1. I. Guevara 35:53.421
2. F. Salac +1.728
3. D. Alonso +2.945
4. M. Gonzalez +4.289
5. I. Ortola +4.868
6. A. Lopez +12.137
7. D. Holgado +13.673
8. B. Baltus +14.302
9. D. Öncü +14.865
10. L. Lunetta +17.263

Moto3

1. M. Quiles 33:24.323
2. B. Uriarte +2.334
3. A. Carpe +7.394
4. E. O'shea +20.717
5. G. Pini +20.822
6. C. O'gorman +20.948
7. A. Cruces +21.065
8. M. Morelli +21.118
9. H. Danish +21.594
10. R. Yamanaka +21.701

D'WM-Klassement

MotoGP

1. J. Martin 306
2. M. Marquez 294
3. M. Bezzecchi 264
4. P. Acosta 234
5. F. Di Giannantonio 230
6. A. Ogura 222
7. R. Fernandez 203
8. A. Marquez 158
9. F. Bagnaia 156
10. F. Aldeguer 115

Moto2

1. M. Gonzalez 245.5
2. I. Guevara 210
3. I. Ortola 168.5
4. D. Alonso 155
5. S. Agius 149
6. D. Holgado 146
7. F. Salac 128
8. C. Vietti 123
9. A. Lopez 110.5
10. C. Veijer 75.5

Moto3

1. M. Quiles 306
2. A. Carpe 175
3. D. Almansa 174
4. B. Uriarte 174
5. M. Morelli 146
6. V. Perrone 118
7. H. Danish 101
8. V. Pratam 100
9. M. Bertelle 86
10. A. Cruces 73

Back to Top
CIM LOGO