
Beim WM-Laf an Estland war de Pajari an den 18 Wäertungsprüfungen net ze schloen. Um Enn setzt sech de Finn mat enger Avance vun iwwer 19 Sekonne géint den Oliver Solberg duerch, deen d'lescht Joer nach gewonnen hat. Op déi 3. Plaz koum den Adrien Fourmaux.
Am General bleift den Elfyn Evans (Toyota) op der éischter Plaz, obwuel hien an Estland op der 6. Plaz ukoum. Den Takamoto Katsuta läit virum Pajari op der 2. Plaz.