
E Sonndeg stoung an der MotoGP de Grousse Präis vun den USA zu Austin um Programm. Um Enn konnt sech den Enea Bastianini seng zweet Victoire an dëser Saison sécheren. Hien iwwerhëlt domadder och d’Féierung am WM-Klassement. Um Podium stoungen nach den Alex Rins an den Jack Miller.
Fënnef Ronne viru Schluss hat de Bastianini de Miller, dee vun der Pole Position gestart war, iwwerholl a sech un d’Spëtzt gesat. De 24 Joer alen Italiener hat duerno déi besser Pace an huet sech um Enn souverän duerchgesat.
Fir Action huet de Marc Marquez gesuergt. Bei sengem Retour hat den Honda-Pilot e ganz schlechte Start erwëscht a war nëmmen als Leschten an déi éischt Kéier gaangen. Duerno huet de Spuenier awer ee Pilot nom aneren iwwerholl an ass um Enn nach mat der 6. Plaz belount ginn.
D’Moto2-Course um Circuit of The Americas an den USA gouf vum Tony Arbolino gewonnen. Fir hien ass et déi éischt Victoire. Den Ai Ogura an den Jake Dixon hunn de Podium komplettéiert.
De Jaume Masia huet déi véiert Course an dëser Saison an der Moto3 gewonnen. D’Éiereplaze ware fir den Dennis Foggia an den Andrea Migno.
MotoGP
1 E. Bastianini Gresini Ducati 41:23.111
2 A. Rins Suzuki Suzuki 2.058
3 J. Miller Ducati Ducati 0.254
4 J. Mir Suzuki Suzuki 3.975
5 F. Bagnaia Ducati Ducati 6.045
Moto2
1 T. Arbolino Kalex 39:06.552
2 A. Ogura Kalex 3.439
3 J. Dixon Kalex 4.787
4 M. Schrötter Kalex 14.529
5 J. Navarro Kalex 16.347
Moto3
1 J. Masia KTM 38:58.286
2 D. Foggia Honda 0.172
3 A. Migno Honda 0.394
4 A. Sasaki Husqvarna 0.490
5 D. Öncü KTM 1.113
MotoGP
1. Enea Bastianini 61
2. Alex Rins 56
3. Aleix Espargaro 50
Moto2
1. Celestino Vietti 70
2. Ai Ogura 56
3. Tony Arbolino 54
Moto3
1. Dennis Foggia 74
2. Sergio Garcia 58
3. Andrea Migno 41