
Et war e Weekend, dee vun de Wiederkonditioune bestëmmt gouf. Donneschdes a Freides konnten de Gary Hauser an de Sebastian Von Gartzen d’Trainingen nach am Dréchene fueren.
Fir den 1. Qualifying samschdes souz de Von Gartzen am Auto, dat am Schloreen, woubäi hien awer nach ni ënnert deene Konditioune mam LMP3 gefuer war. Hie konnt sech awer séier upassen an ass op eng iwwerraschend gutt 2. Plaz gefuer. Domat goung et dann och vun där Plaz an déi 1. Course um Samschdeg am Nomëtteg, wou och de Von Gartzen reglementsbedéngt de Start gefuer ass. Hien huet ënner ganz schwierege Bedingungen an der 1. Kéier e bëssen ze spéit gebremst an ass doduerch op Plaz 4 zeréckgefall. Déi Positioun huet hien och behalen, bis et zum Pilotewiessel komm ass. Du war et de Gary Hauser, dee sech am Reen wuelgefillt huet, well e war de séierste Pilot op der Streck. Hie konnt sech déi 3. Plaz zeréckerueweren an domat um Enn déi éischt Podiumsplacéierung fir Racing Experience an dëser Meeschterschaft sécheren.

E Sonndeg souz de Gary Hauser du fir de Qualifying vun der 2. Course am Cockpit. Nodeems d’Streck nach fiicht war, ass hien awer de Risiko agaangen op Slicks erauszefueren. Déi Rechnung ass opgaangen an um Enn war et Plaz 3 am Qualifying fir déi 2. Course. De Start ass net optimal gelaf well hie war op Plaz 4 zeréckgefall. Duerch eng Safety-Car-Phas ass d’Feld dunn awer nees zesummekomm a beim Restart konnt de Gary Hauser dunn nees eng Plaz guttmaachen.
Vu Plaz 3 ass de Von Gartzen dunn nom Boxestopp fortgefuer... hien hat Plazen 2 an 1 virun Aen, awer hat och Drock vun hannen. Deem Drock huet en dann och mussen noginn an an der leschter Ronn ass en nach op Plaz 4 zeréckgefall.
Am Generalklassement vum ADAC Prototype Cup Germany läit d’Ekipp vu Racing Experience elo op Plaz 3.
Beim leschte Laf vum Championnat, vum 21.-23. Oktober um Hockenheimring, probéiere si nach ëm de Vizetitel ze kämpfen.