NASCAR Euro Series: Grousse Präis vun der Belsch Eng komplizéiert Finall zu Zolder fir de Gil Linster

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend ass zu Zolder d’Finall vun der EuroNASCAR gefuer ginn.
© Kilian Coufal

Nom fräien Training e Freideg haten d’Jonge vun Hendriks vill ze dinn, well se de Setup vum Gil Linster sengem Bolid fir d’Qualifikatioun nach komplett hu missen ëmbauen.

De Gil Linster ass vu P3 an d’Course gaangen an huet um Start e puer Plaze verluer. No véier Ronnen ass d’Course wéinst massivem Reen mam roude Fändel gestoppt ginn. All d’Teams hunn op Reepneue gewiesselt, an d’Course ass hannert dem Safety Car nei gestart ginn. Well de Gil Linster sech an esou Konditioune richteg wuel fillt, huet hien eng Ophueljuegd ugefaangen a konnt sech eng Podiumsplaz sécheren.

Déi vill Lëtzebuerger Fans, déi op Zolder gereest waren, fir de Gil Linster z’ënnerstëtzen, hu leider misse gesinn, wéi d’Course e Sonndeg dunn awer komplett schifgaangen ass. An der Aféierungsronn huet de Gil Linster e Problem um Auto festgestallt an ass an d’Box gefuer. Duerfir huet hien aus der Boxegaass misse starten. Well him och nach e Konkurrent an den Auto gerannt ass, konnt hie sech just nach bis op P17 no vir schaffen. Domat war och seng Podiumsplaz am Generalklassement fort.

„Leider hu mir et dëst Joer just an enger eenzeger Course richteg verbockt, an dat war ausgerechent haut – an enger Course mat duebele Punkten. Mee gutt. Elo heescht et: 2026 ofhaken an d’Saison 2027 preparéieren”, sou de Gil Linster.

Back to Top
CIM LOGO