Rallye Sprint du TrèfleEquipage Bob Kellen/Nathalie Hoffmann op Plaz 3 am General

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg ass zu Froidchapelle an der Belsch de Rallye Sprint du Trèfle gefuer ginn. Um Enn gouf et fir e Lëtzebuerger Equipage Grond sech ze freeën.
© J.G Pic’S

101 Autoe ware gemellt, awer nëmmen 71 hunn et och bis an de Parc Fermé um Enn vum Rallye gepackt. Ënnert den Ausfäll war leider och de Lëtzebuerger Equipage Max Schiltz / Patricia Wanderscheid op Renault Clio RS. E futtisse Cardan huet hinnen e Stréch duerch d’Rechnung gemaach a si haten domat fréizäiteg Feierowend.Vill besser gelaf ass et dogéint fir de Bob Kellen an d’Nathalie Hoffmann um Ford Escort MK2. De Bob huet dem Auto fir dës Saison en neie Motor spendéiert, wat sech och an de Resultater erëmspigelt. Nieft enger Biergcourse an engem Rallye war dëst eréischt den drëtten Event, bei deem hie mam neie Motor gefuer ass. Lues awer sécher gewinnt hie sech ëmmer besser un déi nei Paddle-Shift-Schaltung, déi a Kombinatioun mat der sequentieller Boite an dem neie Motor gutt harmonéiert. Dat sollt sech dann um Rallye Sprint an der Belsch fir d’éischte Kéier sou richteg bezuelt maachen, well um Enn ass et eng exzellent 3. Plaz am General.Méi séier ware just d’Melissa Debackere / Marlon Krieger op engem Skoda Fabia R5, an den Englänner Frank Kelly mat sengem belsche Copilot Louis Louka, och op engem Ford Escort MK2.

Generalklassement / Top10

1.Debackere Melissa - Krieger MarlonŠkoda Fabia R524:01.90
2.Kelly Frank - Louka LouisFord Escort MK224:52.20+50.30
3.Kellen Bob - Hoffmann NathalieFord Escort MK225:40.73+1:38.83
4.Radoux Jean-Philippe - Forclaz FrançoisMitsubishi Lancer Evo X R425:43.29+1:41.39
5.Jacob Christophe - Sterckx MaudeFord Escort RS 1800 MKII26:02.11+2:00.21
6.Marique Eddy - Lesire EmmanuelleOpel Astra GSi 16V26:40.17+2:38.27
7.Soyeurt Sébastien - Aneuse JenniferRenault Clio RS26:41.32+2:39.42
8.Page Hugo - Gibon JulienPeugeot 30626:41.87+2:39.97
9.Debaere Xavier - Lemahieu PeterBMW E36 Compact26:53.54+2:51.64
10.Rensonnet Tom - Herman RenaudPeugeot 208 Rally426:54.52+2:52.62

Back to Top
CIM LOGO