"The King without a crown"F1-Legend Stirling Moss am Alter vun 90 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Aus der Formel 1 ass et déi traureg Nouvelle, dass de Stirling Moss am Alter vun 90 Joer gestuerwen ass.
F1-Legend Stirling Moss am Alter vun 90 Joer gestuerwen
Aus der Formel 1 ass et déi traureg Nouvelle, dass de Stirling Moss am Alter vun 90 Joer gestuerwen ass.

De Britt hat an deenen leschten Joren ëmmer nees mat schwéieren Krankheeten ze kämpfen an huet sech am Januar 2018 aus dem ëffentleche Liewen zréckgezunn.

De Moss huet fir vill Experten als beschte Pilot gegëllt, deen ni Weltmeeschter gouf.

Vun 1955 bis 1958 gouf hie 4 mol hannerenee Vize-Weltmeeschter.

Vun 1959 bis 1961 gouf hien den 3. am WM-Klassement, ier hien e Schlussstréch ënnert seng Karriär gesat huet, no engem uergen Accident um Circuit zu Goodwood.

Am ganzen ass de Britt 66 Course gefuer an huet 16 mol gewonnen, ass 16 mol op der Pole Position gefuer an 24 mol stoung hien um Podium.

Am Joer 2000 gouf de Stirling Moss a Groussbritannien zum Ritter geschloen.

Mat senger Fra Susie 2001
Mat senger Fra Susie 2001

LINK: Méi zum Liewenslaf vum Sir Stirling Moss op RTL Today.

Back to Top
CIM LOGO