
An enger hektescher Ufanksphas mat ville Chutten, ënnert anerem vum Marc Marquez, huet de Francesco Bagnaia, deen um Start d’Positioun 1 iwwerholl huet, d’Course no engem Ausrutscher oP de Curps missen an der 2. Ronn opginn. Mat der Zäit huet sech d’Course e bësse berouegt an un der Spëtzt konnt sech de spéidere Gewënner Fabio Quartarara vu senge Konkurrenten ofsetzen. Den Italiener huet sech um Enn souverän d’Victoire geséchert a säi Virsprong am WM-Klassement weider ausgebaut.
Hannert dem Yamaha-Pilot fiert op déi 2. Plaz de Miguel Oliveira. Déi leschte Plaz um Podium ass fir de Weltmeeschter vun 2020 Joan Mir. De Portugis Oliveira gouf no der Course duerch eng Jury-Entscheedung vun der 2. op déi 3. Plaz no hanne versat, kuerz dorop huet d’Jury dës Entscheedung awer nees zeréck geholl.
De Gewënner vun deene leschten 2 Courssen Jack Miller kënnt zu Mugello nëmmen op d’Plaz 6. Den Alex Rins ass an der 4. Course um Stéck gefall an huet d’Zil domadder alt nees net gesinn.
Iwwerdeems koum e Sonndeg d’Nouvelle, datt den 19 Joer ale Schwäizer Jason Dupasquier no enger Chute bei der Qualifikatioun vun der Moto3 u sengen uerge Blessure gestuerwen ass.
An der Moto2 gouf et e Sonndeg de Moien eng Victoire vum Remy Garner, deen och elo am General op der Plaz 1 steet. An der Moto3 war den Dennis Foggia de Séiersten, de Jaume Masià ass 1. am General.
D’Coursse vum Grousse Präis vun Italien elo am Replay op RTL Play
MotoGP
1. Fabio Quartararo (Monster Energy Yamaha)
2. Miguel Oliveira (Red Bull KTM Factory Racing)
3. Joan Mir (Team Suzuki)
Moto2
1. Remy Gardner (Red Bull KTM Ajo)
2. Raúl Fernández (Red Bull KTM Ajo)https://www.eurosport.de/motorrad/raul-fernandez_prs461404/person.shtml
3. Marco Bezzecchi (Sky Racing Team VR46)
Moto3
1. Dennis Foggia (Leopard Racing)
2. Jaume Masià (Red Bull KTM Ajo)
3. Gabriel Rodrigo (Indonesian Racing Gresini)
MotoGP
1. Fabio Quartararo 105 Punkten
2. Johann Zarco 81
3. Francesco Bagnaia 79
Moto2
1. Remy Gardner 114
2. Raúl Fernández 108
3. Marco Bezzecchi 88
Moto3
1. Pedro Acosta 111
2. Jaume Masià 59
3. Ayumu Sasaki 57