
Um Samschdeg konnt sech de Fransous Fabio Quartararo op Petronas-Yamaha d’Pole Position am Qualifying sécheren an huet dës Positioun an der Course och net méi ofginn a wënnt de grousse Präis vu Spuenien zu Jerez an domadder déi éischt Course vun der Saison 2020. Dëst ass déi éischt Victoire fir de Fransous a senger Karriär.
Op déi zweet Plaz de Spuenier Maverick Vinales op Yamaha an drëtten gouf den Italiener Andrea Dovizioso op Ducati.
Zum Schluss vun der Course louch de Marc Marquez op der 3. Plaz nodeems e sech no enger Chute vun der 18. Plaz nees zeréck gekämpft hat mee dunn ass e nees gefall an ass domadder ausgescheet. No der Course ass de Spuenier mat der Ambulance an d’Spidol bruecht ginn.