Moto GPFabio Quartararo wënnt zu Barcelona

RTL Lëtzebuerg
Beim Grousse Präis vu Katalonien koumen op d'Plazen 2 an 3 déi 2 Suzuki-Fuerer Joan Mir an Alexis Rins.
© AFP

Eng interessant Course gouf et zu Barcelona fir d’Spectateuren ze gesinn. Zanter der 1. Ronn louch de Fransous Fabio Quartararo (Yamaha) a Féierung an huet dës och ganz souverän verdeedegt. Mee hannendrun waren et den 41 Joer alen Valentino Rossi an de Franco Morbidelli (Yamaha) déi sech duelléiert hunn. Op Plaz 2 leiend huet de Valentino Rossi mat engem Fuerfeeler awer seng Top Plaz verspillt an ass duerch eng Chute ausgescheet.

Kuerz virum Schluss gouf de Franco Morbidelli nach vun den 2 Suzuki-Fuerer Joan Mir an Alexis Rins iwwerholl a gëtt soumat just de 4.. De Fabio Quartararo konnt kee méi anhuelen a wënnt soumat virum Joan Mir an Alexis Rins.

Back to Top
CIM LOGO