Formel 1Fernando Alonso dann elo awer de 7. beim Grousse Präis vun den USA

RTL Lëtzebuerg
No engem ganzen hin an hier krut de Fernando Alonso seng 7. Plaz beim Grousse Präis vun den USA nees zeréck.

Nom Grand Prix an engem Protest vun der Ecurie Haas, hat de Spuenier eng 30 Sekonne-Strof kritt, a war vun der 7. op déi 15. Plaz zeréckgesat ginn.

Et ass drëms gaangen, datt dem Alonso säi Réckspigel no enger Kollisioun op eemol lassgaangen an erof gefall war.

D’Renndirektioun hat dem Auto mat der Nummer 14 awer kee schwaarz-orange Fändel gewisen, deen bedeit, datt een un d’Box muss kommen, fir eppes flécken ze loossen.

Alpine, d’Ecurie vum 2-fache Weltmeeschter, ass an Appell gaangen, an d’FIA-Instanzen hunn d’Strof nees opgehuewen. Dotëscht waren awer eng Rei doutéis Prozeduretappen, déi en zimmlech schlecht Liicht op d’FIA-Geriichtsinstanzen an op de Renndirekter Niels Wittich geheien.

Back to Top
CIM LOGO