Formel 1Fiert de Sergio Perez déi nächst Saison bei Red Bull?

RTL Lëtzebuerg
Hie kéint deemno de Cockpit vum Alex Albon iwwerhuelen, ma och den Nico Hülkenberg hat sech Hoffnungen op dës Plaz gemaach.
Beim Grousse Präis vu Sakhir op Niklosdag konnt de Sergio Perez seng éischte F1-Course gewannen.
Beim Grousse Präis vu Sakhir op Niklosdag konnt de Sergio Perez seng éischte F1-Course gewannen.

A Formel 1 Kreesser gesäit et ëmmer méi duerno aus, wéi wann de Sergio Perez déi nächst Saison géif fir Red Bull fueren. D’Rumeure sinn nom Ofschloss vun der Saison méi konkret ginn.

De Mexikaner krut jo kee Cockpit méi bei Racing Point, respektiv der Ecurie, déi vu nächster Saison un Aston Martin heescht. Mat staarke Leeschtunge virun allem um Enn vun der Saison soll hien awer elo zum Toppkandidat fir Red Bull gi sinn.

Deemno stinn d’Chance fir den Alex Albon ëmmer manner gutt, fir säi Cockpit nieft dem Max Verstappen ze halen. Och de Nico Hülkenberg hat sech Hoffnungen op een Engagement bei Red Bull gemaach.

Eng Decisioun kéint schonn d’nächst Woch offiziell ginn heescht et an internationale Medien.

Back to Top
CIM LOGO