
Op eiser Plattform ginn all d’Coursse vun der FIM Endurance World Championship live iwwerdroen, ugefaange mat der 24-Stonne-Courssen. A fir absolut näischt vun der ganzer Action ze verpassen, ginn all d’Coursse souwuel am Livestream, wéi och am Replay gewisen.
Den Accord fir d’Distributioun, deen tëscht RTL Play an Eurosport Events, dem Promoter vun der FIM Endurance World Championship ënnerschriwwe gouf, leeft bis 2027.
Christophe Goossens, CEO, RTL Lëtzebuerg: “D’FIM Endurance World Championship ass wierklech eenzegaarteg. Et ass e Symbol vum Motorradrennsport mat legendären Teams a mat deene beschten an aktuellste Fuerer. Et ass en action-geluedene Sport vum Ufank bis zum Schluss. Mir freeën eis dofir dëst Championship op Lëtzebuerg ze bréngen. Duerch eisen Accord mat Eurosport, dem Promoter vun der FIM-EWC, kënne mir op RTL Play dës Laangstrecke-Meeschterschaft bis 2027 iwwerdroen. Dat ass eng excellent News.”
François Ribeiro, Head of Eurosport Events: “Obwuel de 24 Heures Motos nees muss à huis clos stattfannen, freeë mir eis, dass mir d’FIM-EWC zu Lëtzebuerg kënnen iwwerdroen an domadder nei Fans fir de Laangstrecken-Rennsport dobäigewannen. Dat ass e gutt Zeechen am Hibléck op 2022 mam Retour vun de 24 Heures Motos zu Spa.”