
De leschte Weekend war um Hockenheimring d'NitrOlympX, déi als gréissten Drag-Racing-Veranstaltung an Europa zielt. Do um Depart ze sinn, ass schonn eppes ganz Besonnesches. D'Famill Weyland huet dann och net manner wéi 4 Autoen un den Depart bruecht, eppes, wat sou nach keng aner Ekipp aus Europa duerchgezunn huet.
De Weekend stoung awer net ënnert engem gudde Stär fir déi 4 Lëtzebuerger. D'Wieder war immens onbestänneg a verschidden Traininge goufen dowéinst ersatzlos gestrach. Dat huet et net méi einfach gemaach, fir den Auto perfekt op d'Streck an d'Konditiounen anzestellen. Dat sollt sech dann och op d'Resultater auswierken.

De Yannis Weyland ass bei de Juniore gestart, dat mat engem Ersatzmotor a senger Maschinn. An der 1. Ronn vun den Eliminatiounen ass him dee Motor dann och héich gaangen, an no engem kapitale Motorschued war de Weekend fréizäiteg fir hie gelaf.
Bei sengem klenge Brudder Loris huet d'Technik zwar gehalen, ma et huet um Enn un der néideger Chance gefeelt. Hien huet sech a senger éischter Eliminatiounsronn knapp musse geschloe ginn, wouduerch och hie vun deem Ament u just nach Zuschauer war.

Fir d'Carole Weyland war et eng Première viru sou enger impressionanter Kuliss wéi déi um Hockenheimring. Et huet sécherlech net dozou bäigedroen, dass d'Nervositéit méi kleng ginn ass, wann een drun denkt, dass grad 40.000 Leit op den Tribüne sëtzen. Um Enn hu véier Zéngtel Sekonnen Differenz dofir gesuergt, dass d'Carole Weyland eliminéiert gouf. D'Pilotin, déi hir éischt Saison fiert, war deemno méi séier wéi déi Zäit, déi se hätt solle fueren.

D'Hoffnunge louchen deemno op de Schëllere vum Sam Weyland. Ma och hie war wuel e bëssen iwwermotivéiert. Grad wéi seng Fra, war och hien ze séier... allerdéngs just 4 Honnertstel Sekonnen. Ma och dat huet fir hien den "Aus" bedeit.
Och wann et sportlech dëse Weekend näischt ze feiere gouf, sou huet d'Famill awer trotzdeem schéin Erënnerungen an Impressioune vum Hockenheimring mat heem geholl.
Laang Zäit, sech z'erhuelen, hu se awer net, well schonn den nächste Weekend steet d'Course zu Zerbst (D) um Programm.