Porsche Supercup zu ZandvoortFlynt Schuring Champion, Chester Kieffer ausgefall

Tom Nols
De Flynt Schuring huet sech an der zweeter Course vum Weekend zu Zandvoort d'Victoire an de Championstitel geséchert. Den Chester Kieffer koum net un, bleift awer weider den Éischte bei de Rookien.
Gléck am Ongléck fir den Chester Kieffer
© Helena Clancy

Vu Startplaz 4 war de Lëtzebuerger an déi zweete Course vum Weekend gaangen a konnt nom Depart direkt eng Plaz gutt maachen. Well de Keagan Masters vum Jack Young ëmgedréint ginn an am Kräsi hänke bliwwe war, huet de Safety Car musse rauskommen.

Nom Restart war den Oldie Jaap van Lagen, deen no 11 Joer rëm eng Kéier op Pole gestanen hat, a Féierung. Zimmlech séier hat de Leader am Championnat Flynt Schuring seng Chance gesicht a sech laanscht de van Lagen gepresst. An deem selwechten Zoch wollt den Chester Kieffer et sengem Teamkolleeg nomaachen, mee d'Attack op de van Lagen war mat vill Kontakt verbonnen. Doraus hat e Schued un der Lenkung vum Lëtzebuerger sengem Porsche resultéiert, deen an der Suite ëmmer méi zréck- a schlussendlech och ausgefall ass.

Vun deem Tëschefall hat iwwerdeems de Robert de Haan profitéiert, dee sech am Duercherneen no vir schaffe konnt, fir seng Chancen am Championnat oprecht z'erhalen. Ronnelaang huet hien um Jaap van Lagen gepëscht, konnt awer kee Wee laanscht fannen. Duerch en haarden Duell mam Paul Cauhaupé war et fir den de Haan eng 5-Sekonnen-Strof an déi war decisiv fir den Ausgang vun der Meeschterschaft. De Flynt Schuring konnt esou net nëmmen d'Victoire feieren, mee och de Championstitel.

Gléck am Ongléck hat den Chester Kieffer, well säi nooste Konkurrent an der Tabell Paul Cauhaupé, deen e Samschdeg gewonnen hat, och keng Punkte markéiert huet. Sou ass et bei engem Avantage vun 13 Punkte bliwwen an dem Lëtzebuerger wäert an zwou Wochen zu Monza an Italien eng 4. Plaz duergoen, fir Champion bei de Rookien ze ginn.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO