Neie RekordFormel 1 confirméiert Rekordsaison 2020 mat 22 Coursen

RTL Lëtzebuerg
Fir de 70. Jubiläum vun der Formel 1 wäerten et fir d'éischte Kéier an der Geschicht 22 Coursen an der Saison 2020 ginn. Hockenheimring (D) net méi dobäi.

Um Donneschdeg ass am offiziellen Entworf confirméiert ginn, dass d’Formel 1-Weltmeeschterschaft 2020 fir d’éischt an der Geschicht 22 Coursen wäert hunn.

22 Coursen, awer ouni Däitschland, dofir mat Holland a Vietnam. De Bedreiwer vum Hockenheimring, Jorn Teske, huet d’Formel 1-Enn fir 2020 awer schonn erwaart: “Wann et esou komme sollt, géing et eis net iwwerraschen oder wahnsinneg schockéieren”.

Fir d’Course an Däitschland kommen dofir elo de Vietnam (5. Abrëll) an Holland (3. Mee) op de Programm. De Start vun der Saison soll traditionell an Australien (15. Mäerz 2020) sinn an d’Finall den 29. November an Abu Dhabi.
De Weltrot vum Automobil-Weltverband FIA misst de Kalenner nach final ofseenen, dëst gëllt awer allerdéngs just als formelle Schratt.

De provisoresche Formel 1-Kalenner 2020:

15. Mäerz: Australien (Melbourne)

22. Mäerz: Bahrain (Sakhir)

5. Abrëll: Vietnam (Hanoi)

19. Abrëll: China (Shanghai)

03. Mee: Holland (Zandvoort)

10. Mee: Spuenien (Barcelona) 24. Mee: Monaco (Monte Carlo)

07. Juni: Aserbaidschan (Baku)

14. Juni: Kanada (Montreal)

28. Juni: Frankräich (Le Castellet)

05. Juli: Éisträich (Spielberg)

19. Juli: England (Silverstone)

02. August: Ungarn (Budapest)

30. August: Belsch (Spa)

06. September: Italien (Monza)

20. September: Singapur

27. September: Russland (Sotschi)

11. Oktober: Japan (Suzuka)

25. Oktober: USA (Austin)

01. November: Mexiko (Mexiko-Stadt)

15. November: Brasilien (Sao Paulo)

29. November: Abu Dhabi

Back to Top
CIM LOGO