
Et ass ee Stadcircuit an d’Course soll nuets gefuer ginn, esou heescht et vun der Formel 1 en Donneschdeg. D’Formel 1 a Saudi-Arabien sollen elo emol e Kontrakt iwwer 10 Joer ënnerschriwwen hunn.
De komplette Kalenner soll deemnächst presentéiert ginn. Geplangt ass eng Rekordsaison mat 23 Courssen, mat elo dann och dem Grousse Präis zu Dschidda.
Saudi-Arabien ass een ëmstriddent Kinnekräich a probéiert, mat grousse sportlechen Evenementer säin Image ze verbesseren, esou Amnesty International.