
An der sechster Course vum Championnat gouf et eng Victoire fir de Francesco Bagnaia virum WM-Leader Fabio Quartararo. De Podium huet komplettéiert den Aleix Espargaro op Aprilia. De Marc Marquez an den Jack Miller hu sech am Kampf ëm d’Plaz 3 musse geschloe ginn. Um Schluss sinn déi éischt fënnef Fuerer an der selwechter Formatioun iwwer d’Arrivée gefuer, wéi se gestart waren.
De Bagnaia an de Quartararo hunn d’Course dominéiert a sech vum Rescht vun de Fuerer ofgesat. Si hu sech eng spannend Course geliwwert mat e puer Iwwerhuelmanöver, mee um Schluss hat den Italieener dat bessert Enn fir sech. Hannert de béide Leaderen hu sech de Marc Marquez, den Jack Miller an den Aleix Espargaro e spannende Kampf mat villen Iwwerhuelmanöver geliwwert.
De Quartararo baut mat dësem Resultat seng Avance am Klassement op den Aleix Espargaro an den Enea Bastianini aus.
An der Moto2-Course huet sech de Japaner Ai Ogura op Honda virum Aron Canet an dem Tony Arbolino duerchgesat.
Iwwerdeems gouf et eng dräifach spuenesch Victoire an der Moto3. Hei gewënnt den Izan Guevara virum Sergio Garcia, deen d’Duebelvictoire fir d’Ecurie Valresa Aspar séchert, an dem Jaume Masia op KTM.
MotoGP
1 Francesco Bagnaia 41'00.5540
2 Fabio Quartararo +0.285
3 Aleix Espargaro +10.977
4 Marc Marquez +12.676
5 Jack Miller +12.957
Moto2
1 Ai Ogura 39'16.3570
2 Aron Canet +2.509
3 Tony Arbolino +3.669
4 Augusto Fernandez +5.358
5 Marcel Schrotter +9.245
Moto3
1 Izan Guevara 39'19.8730
2 Sergio Garcia +0.061
3 Jaume Masia +0.208
4 Deniz Öncü +0.319
5 Xavier Artigas +0.417
MotoGP
1 Fabio Quartararo 89
2 Aleix Espargaro 82
3 Enea Bastianini 69
4 Alex Rins 69
5 Francesco Bagnaiai 56
Moto2
1 Celestino Vietti 100
2 Ai Ogura 81
3 Tony Arbolino 70
4 Aron Canet 69
5 Joe Roberts 57
Moto3
1 Sergio Garcia 103
2 Dennis Foggia 82
3 Izan Guevara 73
4 Jaume Masia 70
5 Deniz Öncü 63