Grousse Präis vun ItalienFrancesco Bagnaia mat souveräner Victoire zu Mugello

RTL Lëtzebuerg
De Weltmeeschter an aktuelle Leader am WM-Klassement Fabio Quartararo huet sech als 2. klasséiert. De Podium gouf vum Aleix Espargaro komplettéiert.

No engem mouvementéierte Start mat villen Iwwerhuelmanöveren huet sech de Marco Bezzecchi un d’ Spëtzt vun der Course gesat. De Francesco Bagnaia an de Fabio Quartararo haten sech zu dem Zäitpunkt op Plazen 2 an 3 verbessert. De Fabio Di Giannantonio, op der Pole gestart, war just nach op der 6. Plaz ze fannen.

15 Ronne viru Schluss huet de Bagnaia d’Féierung iwwerholl, kuerz drop konnt de WM-Leader Quartararo och de Bezzecchi iwwerhuelen. De Bezzecchi gouf um Enn just de 5.. De Bagnaia huet sech awer Ronn vir Ronn weider ofgesat a konnt bis zum Schluss net méi ageholl ginn. Eng ganz gutt Performance huet och de Brad Binder gewisen. Beim Start louch hie just op der 16. Plaz, um Enn ass hien de 7. ginn.

De Quartararo konnt säi Virsprong am WM-Klassement op den Espargaro ausbauen. Den aktuelle WM-Drëtten Enea Bastianini ass gefall an huet d’Course missen opginn.

An der Moto 2 gouf et eng Victoire vum Pedro Acosta, et war säin éischte Succès an dëser Saison. De Podium gouf vum Joe Roberts an dem Ai Ogura komplettéiert. De Leader am WM-Klassement Celestino Vietti huet kuerz viru Schluss mat Problemer u senger Maschinn missen opginn.

D’Course an der Moto 3 gouf um gréngen Dësch entscheet. Den Ivan Guezara war als éischten iwwer d’Arrivée gefuer, gouf awer nodréiglech op déi 2. Plaz gesat. Profitéiert dovun huet de WM-Leader Sergio Garcia, dee mat der Victoire seng Féierung an der WM weider ausbaut. Den Tatsuki Suzuki huet sech an der Course als 3. klasséiert.

D’Resultater vun de Courssen

MotoGP
1 Francesco Bagnaia Ducati 41'18.9230
2 Fabio Quartararo Yamaha +0.635
3 Aleix Espargaro Aprilia +1.983
4 Johann Zarco Ducati +2.590
5 Marco Bezzecchi Ducati +3.067

Moto2
1 P. Acosta Kalex 39:35.930
2 J. Roberts Kalex +4.051
3 A. Ogura Kalex + 6.749
4 T. Arbolino Kalex +12.312
5 A. Fernandez Kalex +12.327

Moto3
1 S. Garcia GasGas 39:43.214
2 I. Guevara GasGas 39:43.193
3 T. Suzuki Honda +0.012
4 A. Migno Honda +0.137
5 R. Yamanaka KTM +0.234

De General

MotoGP
1 Fabio Quartararo 122
2 Aleix Espargaro 114
3 Enea Bastianini 94
4 Francesco Bagnaia 81
5 Johann Zarco 75

Moto2
1 Celestino Vietti 108
2 Ai Ogura 108
3 Aron Canet 89
4 Joe Roberts 86
5 Tony Arbolino 83

Moto3
1 Sergio Garcia 137
2 Izan Guevara 109
3 Jaume Masia 95
4 Dennis Foggia 95
5 Ayumu Sasaki 75

Back to Top
CIM LOGO