Formel 1Geldstrofe fir Honda an Alpine

RTL Lëtzebuerg
An der Formel 1 mussen Honda 600.000 Dollar an Alpine 400.000 Dollar Strof bezuelen.
© ANTONIN VINCENT Antonin VincentDPPI via AFP

Déi zwee Motor-Produzenten hunn Prozedurfeeler ronderëm de Budgetsdeckel gemaach. Zanter 2023 gëtt et an der Kinneksklass vum Automobilsport och de sougenannten “Budget Cap” fir déi, déi Motoren hierstellen. D‘Kontrollorgan vun der FIA, der internationaler Automobilsportfederatioun, huet et bei den uewe genannte Strofe belooss, well et sech ëm geréng Verstéiss géif handelen, an déi zwee Hiersteller sech wärend der ganzer Enquête kooperativ gewisen hätten. De Weltverband gleeft deenen zwee och, datt si gemengt haten, alles richteg gemaach ze hunn.

Back to Top
CIM LOGO