NASCAR Euro SeriesGelongene Comeback fir de Gil Linster zu Most

RTL Lëtzebuerg
No enger forcéierter Paus vun dräi Méint aus gesondheetleche Grënn huet de Gi Linster zu Most an Tschechien säi Comeback an der NASCAR Euro Series ginn.

Dobäi huet hien direkt bewisen, firwat hien zu den Top-Fuerer an der EuroNASCAR gehéiert. Hien huet scho freides am éischte fräien Training säi Stempel opgedréckt an ass de séierste Mann um “Autodrom Most” gewiescht. Samschdes am Qualifying ass hien op P4 an déi zweet Start-Rei gefuer an dat mat engem Réckstand vun nëmmen 157 Dausendstel op de Polesetter an amtéierende Champion, den Tschech Martin Doubek, dee bei sengem Heem-Grand Prix op der Pole stoung.

D’Course selwer huet de Gil Linster no engem intensiven Kampf op P2 ofschléisse kënnen, mee hien huet eng Strof vun 30 Sekonne kritt, wéinst engem Feeler wärend der FCY, deen d’Rennleedung festgestallt huet. Säin Team huet dës Strof awer kontestéiert an och Protest agereecht. Aktuell sinn d’Kommissären nach dobäi, d’Videoopnamen z’analyséieren. Sollt d’Strof net annuléiert ginn, géif de Gil Linster vu P2 op P11 zréckfalen.

E Sonndeg geet de Gil Linster da vu P6 an déi zweet Course.

Back to Top
CIM LOGO