
Den 9. an 10. Oktober gouf um Nürburgring am Kader vun der Nürburgring Langstrecken Serie déi 10. a lescht Course gefuer, dat ënnert dem Numm "2. NLS Sportwarte-Trophy".
Mat um Depart war och nees de Porsche 911 GT3 R EVO vum Lëtzebuerger Team 48 Losch Motorsport by Black Falcon.
Um Auto souzen den Dylan Pereira, den Tobias Müller an de Patrick Assenheimer.
Am Qualifying sinn déi bescht Ronnenzäiten eréischt zum Schluss gefuer ginn, nodeems d'Streck naass, respektiv fiicht war, a géint der Enn ëmmer méi séier ginn ass. Den Tobias Müller war deen Ament am Auto. Et sollt awer net duergoe fir eng änlech Top-Platzéierung erauszeschloe wéi nach bei NLS9, wou een et bis an déi 1. Rei gepackt hat. Des Kéier war et Plaz 9, dat an enger Zäit vun 9:20,903 Minutten. An der Klass SP9 PRO-AM war et Plaz 4. D'Beschtzäit war fir de BMW M4 GT3 EVO vu Gamota Racing (9:03,855 Minutten), déi och an der SP9 PRO-AM-Kategorie starten, grad ewéi d'Team mam Dylan Pereira.

De Start vun der 4-Stonne-Course ass de Lëtzebueger Dylan Pereira gefuer. Et gouf net ze vill geraibert koum jiddereen ouni grouss Problemer op déi éischt Ronn, woubäi de Lëtzebuerger awer 2 Plaze verluer huet an no dem éischte Passage iwwer Start-Zil op Plaz 11 loung, 5,571 Sekonnen hannert dem Auto mat der Startnummer #23, dem BMW M4 GT3 EVO vu Gamota Racing. No der zweeter Ronn waren déi éischt 11 Autoen ënner 5 Sekonne vunenee getrennt. Hannendru war du schonn e gréissert Lach.
Éier déi éischt Autoen aus der Féierungsgrupp no 5 Ronnen an d'Box komm sinn, hat den Auto mat der Startnummer #48 bis op Plaz 9 no vir geschafft, deemno nees do, vu wou een aus och gestart war, fir dann op Plaz 5 weider ze fueren, well een op enger anerer Strategie ënnerwee war. No der nächster Ronn war et du souguer Plaz 3 fir de Porsche 911 GT3 R EVO vun 48 Losch Motorsport, well nees Pilote fir e Boxestopp erakomm sinn. Den Dylan Pereira ass awer nach dobausse bliwwen a war am Kampf mat der Startnummer #21, dem Mercedes-AMG GT3 vun SR Motorsport by Schnitzelalm.
No eppes iwwert enger Stonn a 7 gefueren Ronne koumen d'Top3-dann och an d'Box, dorënner dann och de Pereira. Hien huet de Cockpit dunn un de Patrick Assenheimer iwwerginn. Dëse konnt an der 10. Ronn vun enger giel-Phas profitéieren, fir den direkter Konkurrent mat der Startnummer #2 z'iwwerraschen a kuerz virum Fändel nach laanscht ze fueren, éier da jo Iwwerhuelverbuet ass. Deemno war et Plaz 8 am Generalklassement. Et gouf un der Spëtzt dann och nach puer Reiwereien, wouduerch nach Autoe fir Reparaturen hu mussen an d'Box kommen, respektiv gouf eng Duerchfaartsstrof ausgeschwat, wat dem Team Losch an d'Kaarte gespillt huet.

Nom Patrick Assenheimer war et um Tobias Müller fir de Porsche 911 GT3 R iwwert den Nürburgring ze pilotéieren, wéi nach manner wéi 2 Stonnen ze fuere waren. Hie loung deen Ament op Plaz 7 am Generalklassement. De Müller ass d'Course dann och bis zu Enn gefuer an et ass och nach emol spannend ginn. Nodeems e sech Plaz 6 geséchert hat, war du Plaz 5 d'Zil, well do war den Auto mat der Startnummer #23, deen och an der SP9 PRO-AM fiert an do och deen Ament d'Féierung hat. 10 Minutte viru Schluss konnt den Tobias Müller de BMW M4 GT3 EVO iwwerhuelen, op deem deen Ament den Antal Zsigo gefuer ass. Dat war dann och Plaz 1 an der SP9 PRO-AM-Wäertung.
Déi Plaz huet de Müller sech um Porsche bis zum Enn vun der Course net méi huele gelooss.... Plaz 5 am Generalklassement a Victoire an der Kategorie, bei der leschter Course vun der NLS-Saison.
D'Victoire goung vun den Nico Menzel a Sven Müller um Dunlop Porsche mat der Startnummer 17, virum Falken Motorsport-Porsch mat der Starnummer 44 mam Tim Heinemann an och nees dem Sven Müller. De Podium gouf komplettéiert vum BMW M4 GT3 EVO (#77) vu Schubert Motorsport mam Jordan Pepper an dem Tim Tramnitz.
Plaz 4 geet un Audi R8 LMS GT3 EVO II vu Max Kruse Racing, virun dann dem #48er Porsche vu Losch Motorsport by Black Falcon mat Dylan Pereira, Patrick Assenheimer an Tobias Müller.

Mat där Victoire huet d'Lëtzebuerger Team dann och eng immens erfollegräich Saison an der Nürburgring Langstrecken Serie ofgeschloss. Schonn no NLS9 war jo kloer, dass se hir Klass gewonnen hunn.
- Titel fir déi dräi Piloten an der Klass SP9 PRO-AM (Pereira, Müller, Assenheimer)
- Titel an der Team-Wäertung vun der Klass SP9 PRO-AM
- Plaz 2 an der NLS Speed-Trophäe 2026.