
Beim Grousse Präis vu Sakhir mécht de Russell also e risege Sprong. Soss fiert de Williams-Pilot an der Formel 1 meeschtens just hannendrun, well de jonke Formel-1-Pilot kee kompetitiven Auto huet. elo kritt hien d’Chance emol d’Feld hannert sech ze hunn.
De Mercedes-Teamchef Toto Wolff huet dat Ganzt als klenge Meilestee fir si bezeechent, well et déi éischte Kéier ee Member vun hirem Jugendprogramm ass, dee fir d’Mercedes-Wierksekipp un den Depart wäert goen.
De Russell huet sech op Twitter am Mercedes-Rennkostüm gewisen a Williams Merci gesot, datt si hie fräigestallt hunn. Den Jack Aitken wäert de Russell am Williams-Cockpit ersetzen.