
Am Noosten dru waren déi éischt Fënnef an der Startopstellung. De Flynt Schuring, dee vun der Poleposition an d’Course gaangen ass, nieft him säin Teamkolleeg den Alessandro Ghiretti, de séierste Lechner Pilot vum Samschdeg, de Robert de Haan, an dat virum Ariel Levi an dem Mathys Jaubert.
Mat engem staarke Start ass de Ghiretti an der éischter Kéier laanscht säin Teamkolleeg gezunn, deen um Ausgang vun der Kéier och kuerz d’Streck verlooss huet. Esou konnt och de Robert de Haan laanscht säi jonke Landsmann zéien. Do hannendrun huet de Jaubert an der éischter Ronn de Levi a sech selwer vun der Streck gedréckt, esou datt béid hu missen hir Bolide stoe loossen an de Safety Car säin éischten Asaz vun dëser Course konnt feieren.
Nodeems d’Course relancéiert gouf, hu sech déi dräi Protagonisten, déi nach bliwwe sinn, relativ onspektakulär verhalen a géigesäiteg e gewëssenen Ecart opgebaut. Kuerz viru Schluss ass et dunn nach eng Kéier ganz hëtzeg virgaangen, wéi de Robert de Haan dem Alessandro Ghiretti, konstant ënnert enger hallwer Sekonn um Heck vu sengem CLRT Schumacher 911 gepecht huet.
De Flynt Schuring konnt den Tempo net matgoen an hat bis zu fënnef Sekonne Réckstand op d’Spëtzt. Éier et dann ausgesinn huet, wéi wann de Ghiretti seng Féierung drop an dru war ze verléieren, ass de Safety Car eraus komm, well den Dirk Schouten, no engem Accrochage, am Kräsi vun der 12. Kéier hänke bliwwen ass. Esou konnt de Ghiretti seng Féierung hannert dem Bernd Mayländer an eng Victoire ëmwandelen.
Mat dësem Resultat bleiwe just nach dräi Piloten d’Méiglechkeet, de Porsche Supercup 2025 ze wannen:
Alessandro Ghiretti 110,5 Punkten
Robert de Haan 101,5 Punkten
Flynt Schuring 96,5 Punkten
Heimat séchert sech de Schuring scho virzäiteg de Rookie Championstitel.
Wien am Supercup Champion gëtt, kënnt Dir nächste Sonndeg live am Stream op RTL Play suivéieren.