NascarGil Linster gudde Sechsten um Oval zu Venray

Jeannot Boesen
No iwwer engem Joer Paus ass de Gil Linster nees an der V8 Oval Racing Series zu Venray un de Start gaangen.
© Paul Wiedeler

No dräi Méint Openthalt an den USA ass de Gil fir de Bachor Racing Team e Sonndeg um 1/2 Meilen-Oval zu Venray an der éischter Course de 6. an an der 2. Course de gudden 2. bei 16 Starter ginn.

An der Final louch hie praktesch déi ganz Course op der 4. respektiv 5. Plaz, ier hien an der leschter Ronn sengem Teamkolleeg, deen op de Championnat fiert, d’Dir opgemaach huet a um Schluss déi 6. Plaz erausgefuer huet. De Gil konzentréiert sech, fir an den USA Fouss ze faassen, mä wäert awer weiderhin sporadesch zu Venray un de Start goen.

Back to Top
CIM LOGO