NASCAR Euro SeriesGil Linster iwwerzeegt och bei zweeter Manche zu Most

RTL Lëtzebuerg
De Gil Linster ass aus der drëtter Startrei an d’Course gestart. Schonn an der zweeter Kéier koum et zu engem kriteschen Moment.
© Julien Ramos / Imagify

E Konkurrent huet hien aus der Streck gedréckt, soudass hie just op Positioun 16 nees aus dem “Kies” zréckkoum. Mat enger staarker Ophueljuegd huet de Lëtzebuerger sech bis op P7 no vir gekämpft.

No 12 Ronnen ass d’Course mam roude Fändel ënnerbrach ginn. De Restart ass hannert dem Safety Car erfollegt, an no enger Ronn ass dunn ofgewonk ginn. Gewonnen huet den Thomas Krasonis, virum Martin Doubek an dem Claudio Cappelli. D’Coupe goufe vum tschechesche President perséinlech iwwerreecht.

Well de Gil Linster virdrun beim Restart e spektakulären 360-Grad-Dréier higeluecht hat, an, obwuel hie kee Konkurrent beréiert oder behënnert huet, huet d’Rennleitung decidéiert, him eng 10-Sekonne-Strof ze ginn. Dës Decisioun huet hien am Endresultat op P17 zréckgeheit.

Trotz engem Resultat, dat net den eigentleche Leeschtungsniveau reflektéiert, war den EuroNascar Grand-Prix zu Most fir de Gil Linster sportlech an optesch an erfollegräichen Weekend.

Back to Top
CIM LOGO