Circuit-ChampionnatGilles Bruckner um Lamera mat 2 Victoiren zu Colmer-Bierg

Andy Brücker
Den High Speed Racing Cluub Lëtzebuerg hat de leschte Weekend 2 Courssen am Kader vum Lëtzebuerger Circuit-Championnat organiséiert.

Bei perfektem Wieder sinn e Sonndeg de Moien 11 Piloten un den Depart vun der 1. Course um 2,5 Kilometer laange Circuit gaangen. No 22 Ronne war et de Gilles Bruckner op engem Lamera, dee sech d’Victoire séchere konnt. Op déi 2. Plaz kënnt e weidere Lamera-Pilot, dat a Persoun vum Tommy Rollinger. Hien hat um Enn 4,3 Sekonne Réckstand op de Gewënner. De Podium gëtt komplettéiert vum Nicolas Schmit op engem Porsche 991 Cup.

E Sonndeg de Mëtteg gouf déi 2. Course gefuer, nees mat 11 Piloten um Depart. Hei war et erëm de Gilles Bruckner um Lamera, dee sech behaapte konnt, dat allerdéngs just 0,668 Sekonne virum Nicolas Schmit um Porsche 991 Cup. Mat engem Ofstand vun 10,498 Sekonne koum den Daniel Bohr op déi 3. Plaz, da top engem Porsche 996 Cup.

Back to Top
CIM LOGO