Rally Islas Canarias / ERCGrégoire Munster gëtt Vize-Champion bei de Junioren

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun der Rallye-EM ass de Lëtzebuerger Grégoire Munster (Hyundai i20 R5) bei der Rally Islas Canarias op déi 19. Plaz am General gefuer

De Weekend iwwer war de Lëtzebuerger Grégoire Munster bei der Rally Islas Canarias a Spuenien am Asaz. Et war dëst dee leschte Rendez-vous an der Rally Europameeschterschaft. U sech hätt nach den zweete Weekend am Dezember sollen d’Spa Rally an der Belsch gefuer ginn, ma dës gouf ofgesot.

De Grégoire Munster ass als Leader an der ERC-Junior-Wäertung an d’Rally Islas Canarias gaangen. Um Enn ass hien am General vun der ERC-Wäertung op déi 3. Plaz gefuer an huet sech de Vize-Championstitel bei de Juniore geséchert.

Den nächste Weekend geet de Grégoire Munster nach un den Depart vun der Rallye Monza. Dëst ass déi lescht Epreuve vun der WRC Rally Weltmeeschterschaft.

Link: Weider Detailer fannt Dir um Internetsite vum ACLSport.

Back to Top
CIM LOGO