
D’ERC-Saison konnt, wéi sou vill aner Championnater, net esou gefuer ginn, wéi eigentlech geplangt. E sëllege Rallyë goufen ofgesot an anerer goufe mat an de Kalenner opgeholl, wat dem Championnat eng ganz aner Nues ginn huet.
An Ungarn gouf de 4. Laf vun der Rallye-EM gefuer, mat do um Depart och dem Lëtzebuerger Grégoire Munster. Hie fiert op engem wierks-ënnerstëtzte Hyundai i20 R5, mat u senger Säit dem belsche Copilot Louis Louka.

U Konkurrenz huet et definitiv net gefeelt, well nieft den eigentleche Protagonisten, déi d’ganz EM fueren, war zum Beispill och den Andreas Mikkelsen um Depart, dat op engem Skoda Fabia Rallye2 evo. Zu de weidere Favoritte konnt een de Russ Alexey Lukyanuk zielen, den Irlänner Craig Breen oder de Schwed Oliver Solberg.
E waren dann och dës Protagonisten, déi direkt am Ufank dem Rallye hire Stempel opgedréckt hunn. Den Andreas Mikkelsen konnt sech mat sengem Copilot Ola Floene no der 2. Special un d’Spëtzt setzen an huet déi Féierung bis zum Enn vum Rallye ausgebaut an net méi hierginn. Domat wier da scho mol gekläert, wien de Rallye gewonnen huet.
Hannendrun hunn d’Positiounen ëmmer nees gewiesselt, tëscht Lukyanuk, Breen, Solberg... a Munster. Een éischten deen aus dem Podiumskampf erausgefall ass, war de Lukyanuk. Säi Copilot hat sech wuel verrechent, a si hate 5 Minutten ze fréi op enger Kontroll gestempelt. Domat krute si 5 Minutten Zäitstrof, wat op dësem Niveau direkt bedeit, dass ee kee gutt Resultat méi ka realiséieren. Si sinn no der 6. Special op déi 26. Plaz zeréckgefall.
Op der 7. Special hat et dunn den Oliver Solberg erwëscht, dëst allerdéngs mat engem Platten op sengem Skoda Fabia Rally2 evo. En huet 46,7 Sekonnen op d’Spëtzt verluer an ass vu Plaz 3 op Plaz 5 erofgerutscht. Duerch e feelerfräie Rallye mat konstant gudden Zäite bis dohin, sinn de Grégoire Munster an de Louis Louka op déi 3. Plaz no vir gefuer.

Um Enn vum 1. Dag lounge Mikkelsen/Floene mat 23,6 Sekonne viru Breen/Nagle. Op Plaz 3 de Lëtzebuerger/belschen Duo Munster/Louka, mat 1min21,3 Réckstand op de Mikkelsen.
E Sonndeg de Moie war de Grégoire Munster net wierklech waakreg a fokusséiert. En ass just déi 19. Zäit gefuer an huet 11,7 Sekonne verluer. Op der Special duerno ass et awer nees en Tick besser gelaf an et huet lues awer sécher säi Rhythmus fonnt, och wann en do e Platte kritt huet, wat awer net vill Zäit kascht hat.
Op der 12. Special huet et dunn de Craig Breen erwëscht... duerch en techneschen Defekt ass den Equipage Breen/Nagle ausgefall, a Munster/Louka hunn déi 2. Plaz am General geierft, mat 35,5 Sekonne Virsprong op Plaz 3, mat de Lokalmatadoren Herczig/Ferenz op Volkswagen Polo GTI R5. Den ungareschen Duo konnt awer net laang vum Podium dreemen, well op der zweetleschter Special hu se sech e Platten agefaangen, wouduerch se op déi 6. Plaz zeréckgefall sinn. Profitéiert dovunn hunn d’Spuenier Llarena/Fernandez um Citroën C3 R5, déi sech déi 3. Plaz gekroopt hunn.
De Grégoire Munster an de Louis Louka (Hyundai i20 R5) sinn eng intelligent Course bis zum Schluss gefuer, a konnte sech no iwwer 190 Kilometer chronometréierte Speciallen iwwert eng staark 2. Plaz am General freeën, hannert Mikkelsen/Floene um Skoda Fabia.

Et gouf awer nach weider Grond sech ze freeën, nämlech séchere si sech och déi 1. Plaz an der Juniorwäertung. Duerch d’Punkten, déi se sech an Ungarn erkämpfe konnten, hu si och an der Junior-Wäertung elo d’Féierung am Championnat iwwerholl, dat mat 1 Punkt virum Oliver Solberg.
| Plaz | Pilot | Natioun | ITA | LAT | PRT | HUN | CAN | BEL | |
| 1 | Munster Grégoire | LUX | 24 | 25 | 40 | 36 | 125 | ||
| 2 | Solberg Oliver | SWE | 40 | 40 | 16 | 28 | 124 | ||
| 3 | Llarena Efrén | ESP | 26 | 22 | R | 31 | 79 | ||
| 4 | Marczyk Miko | POL | 15 | 19 | 31 | 13 | 78 | ||
| 5 | Cais Erik | CZE | 9 | 19 | 27 | 22 | 77 | ||
| 6 | Dinkel Dominik | DEU | 13 | 13 | 24 | 15 | 65 | ||
| 7 | Lindholm Emil | FIN | 18 | 30 | R | 13 | 61* | ||
| 8 | Devine Callum | IRL | R | 1 | 18 | 22 | 41 | ||
| 9 | Tempestini Simone | ROU | 30 | X | X | 30 | |||
| 10 | Battistolli Alberto | ITA | 11 | 11 | 22 |

Am Generalklassement vun der Europameeschterschaft, ass weiderhin den Alexey Lukyanuk un der Tabellespëtzt mat 116 Punkten. Hannendru kënnt den Oliver Solberg mat 89 Punkten an op Plaz 3 elo de Grégoire Munster mat 83 Punkten.
| Plaz | Pilot | Natioun | ITA | LAT | PRT | HUN | CAN | BEL | |
| 1 | Lukyanuk Alexey | RUS | 38 | 32 | 38 | 8 | 116 | ||
| 2 | Solberg Oliver | SWE | 26 | 40 | 0 | 23 | 89 | ||
| 3 | Munster Grégoire | LUX | 13 | 15 | 28 | 27 | 83 | ||
| 4 | Llarena Efrén | ESP | 15 | 11 | R | 24 | 50 | ||
| 5 | Breen Craig | IRL | 19 | 21 | 3 | 4 | 47 | ||
| 6 | Herczig Norbert | HUN | 0 | 19 | 17 | 36 | |||
| 7 | Cais Erik | CZE | 0 | 5 | 17 | 14 | 36 | ||
| 8 | Mikkelsen Andreas | NOR | 35 | 35 | |||||
| 9 | Marczyk Miko | POL | 7 | 6 | 21 | 1 | 35 | ||
| 10 | Ares Ivan | ESP | 33 | 33 |
Et bleiwen, Stand elo, nach 2 Rallyen an der Europameeschterschaft ze fueren. Enn November soll nach de Rally Islas Canarias (Spuenien) gefuer ginn. Vum 11.-13. Dezember steet dann nach de Spa Rally an der Belsch um Programm, wou dann d’Decisioun ëm d’Championnater fale wäerten.