Rallye Castine - Terre d’OccitanieGrégoire Munster wënnt um Hyundai i20 R5

RTL Lëtzebuerg
Den 19. an 20. September ass de Lëtzebuerger/Belschen Equipage Munster/Louka beim franséische Schotterlaf un den Depart gaangen a konnt do iwwerraschen.

Schonn direkt op der 1. Special si si mat der Startnummer 9 op der Dier d’Beschtzäit gefuer, dat 9,5 Sekonne viru Franceschi/Haut-Labourdette op Citroën C5 R5.

Op der zweeter Special goufe se awer duerch e Platten ausgebremst... 27 Sekonnen hu se doduerch verluer. Mat zwou weidere Beschtzäiten op den zwou nächste Speciallen, ware se awer nees un der Spëtzt vum General.

Besonnesch beim franséische Rallye-Championnat ass, dass et keng offiziell Reconnaissance virum Rallye gëtt, ma d’Equipagen däerfen um Dag selwer mat enger Maximalvitess vun 80 km/h 1 mol iwwert d’Special fueren. Op Basis dovu mécht den Equipage da seng Notten, an déi zwee nächst Passagë si chronometréiert. De Grégoire Munster an de Louis Louka hunn nom 1. Passage nach emol d’Onboard gekuckt an analyséiert, fir d’Notten ze verbesseren.

Dat schéint jeeweils gutt geklappt ze hunn, well och um zweeten Dag konnt de Grégoire Munster, dee souwuel déi Lëtzebuerger, wéi och déi belsch Nationalitéit huet, 3 Beschtzäiten a 6 Specialle fueren. Domat baut hie seng Avance weider aus, fir um Enn de Rallye mat 47 Sekonnen Avance ze gewannen.

Fir säi Brudder Charles Munster, deen och ënner Lëtzebuerger Lizenz fiert, ass et bei dësem Rallye net esou gutt gelaf. Hien hat 2 Platter um Samschdeg an eng beschiedegt Lenkung, respektiv e futtisse Cardan um Sonndeg, wouropshin hien huet mussen opginn. Hie war op engem neie Peugeot 208 Rally4 ugetrueden, dëst mat der franséischer Copilotin Charlyne Quartini.

Resultat

1.Munster Grégoire - Louka LouisHyundai i20 R5 1:22:24.1
2.Franceschi Jean-Baptiste - Haut-Labourdette FlorianCitroën C3 R5+47.0
3.Durbec Thibault - Renucci Jacques-JulienVolkswagen Polo GTI R5+1:59.1
4.Al-Attiyah Nasser - Baumel MathieuVolkswagen Polo GTI R5+2:40.7
5.Manzagol Jean-Marc - Chiappe PatrickHyundai i20 R5+3:01.9
6.Baudoin Thomas - Galmiche IsabelleCitroën C3 R5+3:09.4
7.Villanueva Alexander - Amigò Colón XavierŠkoda Fabia Rally2 evo+4:45.8
8.Amourette Marc - Gauduin AnaïsCitroën C3 R5+4:46.5
9.Gascou Emmanuel - De Turckheim GillesPeugeot 207 S2000+5:52.9
10.Pradayrol Frédéric - Rodrigue SébastienCitroën DS3 R5+6:41.7
11.Franceschi Mathieu - Manzo BenoîtPeugeot 208 Rally4+7:20.2
12.Clarety Jérôme - Courtine PhilippeMitsubishi Lancer Evo X R4+8:45.8
13.Vigion Jean-Sébastien - Sarreaud ValentinRenault Clio RSR Rally5+9:58.0
14.Zaldivar Fabrizio - Mussano FernandoFord Fiesta Rally4+10:11.2
15.Alonso Villarón Daniel - Carrera Estévez CándidoFord Fiesta Rally2+10:31.9
16.Bernardi Florian - Castex XavierRenault Clio RSR Rally5+10:44.2
17.Campagnoli Gabriele - Arena NicolaFord Fiesta R5+12:21.2
18.Brechet Julien - Pascaud LorisMitsubishi Lancer Evo IX+12:35.2
19.Lamouret Paul - Delpech FlorentMitsubishi Lancer Evo IX+12:43.8
20.Clemençon Benjamin - Maille StéphanePeugeot 208 T16+13:04.7
21.Marcobal Thierry - Boyer Jean-FrançoisSubaru Impreza+13:07.8
22.Rieu Jonathan - Escartefigue JulesCitroën C3 R5+15:02.2
23.Cachod Sylvain - Pourcelot AurélienCitroën DS3 R3T+15:03.1
24.Bekaert Guy - Bekaert HugoSubaru Impreza STi N15+15:12.1
25.Pyck Filip - Dehouck PeterMitsubishi Lancer Evo X+15:37.5
26.Bergounhe Bastien - Descharne MathieuPeugeot 206 RC+15:51.1
27.Caumes Mickael - Sagnes RomainMitsubishi Lancer Evo IX R4+16:01.5
28.France Julien - Haddad MarcCitroën DS3 R3T+17:06.3
29.Truchet Christophe - Truchet BarbaraPeugeot 106 S16+17:37.9
30.Otero José Antonio - JandrínSubaru Impreza STi N15+18:59.3
31.Soulié Jacques - Amadieu CorinneCitroën Saxo T4+20:00.7
32.Puel Gérard - Puel CarolineMitsubishi Lancer Evo VIII+20:19.3
33.Espalieu David - Nunes RobertCitroën Saxo T4+20:22.8
34.Mas Paul - Alary AnthonyCitroën Saxo T4+21:21.2
35.Tamisier Sylvain - Vandersteen GuillaumeRenault Clio RS+21:34.6
36.Vital Jean-Pierre - Decouzon PierreCitroën Saxo VTS+21:44.5
37.Brès Bruno - Sitarz-Bourguignon SylvianeCitroën Saxo T4+22:13.5
38.Rocard Christophe - Berthat StéphanePeugeot 208 R2+24:18.2
39.Fresnais Laurent - Mazarguil PhilippeCitroën C2 R2+25:49.2
40.Lafon Maxime - Teulet MarineCitroën Saxo VTS+25:54.0
41.Frelaut Yohann - Cassagnade PascalPeugeot 206 RC+25:59.0
42.Tapada Jérémy - Faccio JuliePeugeot 106 S16+26:13.7
43.Gendrau Julien - Gendrau EricPeugeot 106+37:39.2
44.Maisano David - Simonpieri-Bourgeois SerenaPeugeot 206 S16+3:42:16.5
45.Lavigne Jean - Cubizolles ArnaudPeugeot 207 RC R3T+3:46:39.4
46.Vantillard Jean-Marc - Puech PaulinePeugeot 205 Rallye+3:52:03.6
47.Chabbert Ludovic - Perrin SidoinePeugeot 206 XS+4:17:58.6

Back to Top
CIM LOGO