
Dat huet den éisträichesche Gesondheetsministère confirméiert, mellt d’Noriichtenagence APA. Den ausgeschaffte Plang vu Red Bull géing allen d’Hygiènes- a Sécherheetsmesuren entspriechen.
Mat 4 Méint Verspéidung ginn déi éischt zwee Rennen am Juli zu Spielberg an Éisträich gefuer. Ënnert strengen Oploen dierf d’Formel 1 trotz Corona-Pandemie organiséiert ginn.
Geplangt war den Ufank vun der 70. Saison vun der Formel 1 am Mäerz 2020 zu Melbourne (Australien). No engem positive Corona-Test am McLaren-Team gouf dës Course awer e puer Stonne virum Start vun den éischte fräien Trainingen ofgesot.
