No Horror-CrashGrosjean kënnt mat Verbrennungen un den Hänn dovun a mellt sech aus dem Spidol

RTL Lëtzebuerg
No enger Kollisioun mat der Leitplank ass d'Gefier vum Fransous a Flaamen opgaangen an ass dobäi an zwee Deeler gebrach.

Zimmlech séier nom Virfall ass dann awer d’Entwarnung komm, dass et dem Fuerer vun Haas gutt geet an dass bis op e puer kleng Verbrennungen net all ze vill geschitt ass. Kuerz drop ass hien an d’Spidol vum Circuit ageliwwert ginn.

Schutzengel fir de Grosjean no engem schroen Accident
D’Course zu Bahrain war no der 1. Ronn ënnerbrach ginn, nodeems den Auto vum Grosjean a Flamen opgaangen an an zwee Deeler gebrach ginn ass.

Am Spidol krut een dunn en Iwwerbléck iwwer d’Blessure vum Haas-Pilot. De Grosjean huet just Verbrennungen un den Hänn an ass deemno gutt ewechkomm.

De Fransous huet sech dann och an engem Video eemol aus dem Spidol gemellt a gesot, dass et him gutt geet. Weider huet hien nach eemol gesot, datt hie virun e puer Joer géint de Cockpit-Schutz “Halo” war. Elo huet hien awer ënnerstrach, datt hie frou ass, datt et e gëtt, well ouni den Halo géing hien net méi liewen, huet hie gemengt.

Wéi Haas matgedeelt huet, géif hien nach bis den Dënschdeg am Spidol bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO