
E Sonndeg ass an der Formel 1 de Grousse Präis vu Sakhir, nees am Bahrain. Zwee Deeg no sengem schrecklechen Accident huet den Romain Grosjean en Interview op der franséischer Tëlee ginn. De 34 Joer ale Fransous sot, datt hien den Doud virun Aen hat. An deem Moment, wéi hien an de Flame war, huet hien un seng 3 Kanner geduecht, a sot sech, datt hien esou séier wei méiglech aus dem Auto misst erauskommen. Den nächste Weekend gëtt de Grosjean bei der Ecurie Haas vum 24 Joer ale Brasilianer Pietro Fittipaldi ersat. Bei der leschter Course vun der Saison zu Abu Dhabi den 13. Dezember wëll de Romain Grosjean dann awer nees an senger Monoplace setzen.
Bei Haas gouf um Dënschdeg och den 21 Joer ale Russ Nikita Mazepin als neie Pilot fir déi nächst Saison virgestallt. Als zweete Pilot bei der amerikanescher Ecurie gëtt de Mick Schumacher, Fils vum Rekordweltmeeschter Michael Schumacher gehandelt. Déi zwee Pilote vun dëser Saison Grosjean a Kevin Magnussen kruten hir Kontrakter jo net verlängert.