
Kevin Peters heescht den neie Lëtzebuerger Automobilsportler vum Joer 2018. De Vizeeuropameeschter am Autocross huet sech zu Munneref um Gala vum ACLSport virun der Ekipp, déi bei der Coupe d’Europe an der Biergcourse zu Gubbio gewonnen hat, duerchgesat. Drëtte gouf den Titelverdeedeger Dylan Perreira, deen am Porsche Super Cup ënnerwee ass.
De Vott gouf gemaach vun de Membere vun der Lëtzebuerger Automobilsport-Journalistevereenegung LMWA, de Membere vum Directoire vum ACL Sport a via online-Voting um Internetsite www.aclsport.lu/as2018. Ofstëmme konnt ee bis den 13. Januar inclus um Site vum ACL.
Zanter dem 20. Dezember waren d'Nimm bekannt vun de méiglechen "Autosportler vum Joer 2018". Nominéiert waren: